
Wéi Ponts et Chaussées matdeelen, ass den Echangeur Hesper, wann ee vun der A3 a Richtung Stad ënnerwee ass, vum 2. Mee moies um 7 Auer, bis den 3. Mee owes um 20 Auer fir den Trafic gespaart.
D'Deviatioun leeft weider iwwer d'A3 an de Rond-point Gluck, dann iwwert de Boulevard Kockelscheier an den CR231.