
D’Zeremonie war den 1. Mäerz zu Genève, dat allerdéngs hannert zouenen Dieren.
An der Ofstëmmung vun den 59 Fachjournalisten huet den Toyota Yaris um Enn 266 Stëmme kritt a ka sech domat nom Joer 2000 eng zweete Kéier de ganz renomméierten Titel vum europäeschen Auto vum Joer sécheren. D’Jury huet virun allem den Hybridsystem an der 4. Generatioun vum Yaris gelueft, grad ewéi déi 261 PS staark Sportversioun GR Yaris, mat Allradundriff.
Am Autotest vum 21. September 2020: Toyota YarisOp Plaz 2 kënnt de Fiat 500e mat 240 Punkten. Deen hat domat just 1 Punkt Virsprong op de Cupra Formentor (239). Dat ass dann dach en iwwerraschend gutt Resultat fir déi sportlech Ënnermark vu Seat. De Formentor ass den éischten eegene Modell vun der Mark Cupra, deen domat mol direkt um Podium gelant ass a Konkurrente wéi de VW ID.3 hannert sech gelooss huet.
De vollelektresche Modell vu VW koum mat 224 Punkten op Plaz 4 an huet am Virfeld zu den Topfavoritte gegollt.
Plaz 5 geet un de Skoda Octavia (199), virum Land Rover Defender (164) an dem Citroën C4 (143), vun deem et och eng Elektro-Versioun gëtt.
Déi 7 Finaliste sinn aus enger Longlist vun 29 automobillen Nouveautéite vum leschte Joer nominéiert ginn. Anescht wéi bei aneren Autopräisser gëtt et beim “Auto vum Joer” just 1 Präis... an net nach Präisser an Ënnerkategorien wéi “beschte Sportswon”, “beschte Luxusauto” asw.
D’Punktevergab vun den 59 Journalisten aus 22 Länner ass dann och komplett transparent a muss schrëftlech argumentéiert ginn. Noliese kann een dat op www.caroftheyear.org.
Am Autotest vum 25. Januar 2021: Cupra Formentor
Am Autotest vum 15. Oktober 2020: Volkswagen ID.3
Am Autotest vum 4. Februar 2021: Skoda Octavia RS
Am Autotest vum 10. September 2020: Land Rover Defender
Am Autotest vum 18. Januar 2021: Citroën C4
PRÄISSER: All d’Autoproäisser op RTL.lu