• De PLUS

    • gutt Sportsëtzer
    • Präis/Leeschtung
  • De MINUS

    • Steierung mat wéineg Gefill
    • kënschtleche Motorsound

Am Automag vun haut dréint sech alles ëm e Skoda. Déi Kéier keen SUV an och keen Elektroauto, deen d’Automag-Ekipp fueren dierft, mä e Kombi.

Den Akim Schmit iwwert den neien Skoda Octavia Combi RS.

Automag: Skoda Octavia RS


RS – zwee Buschtawen, déi bei Skoda just déi sportlechst Modeller droen dierfen. An am Fall vum Octavia dierf dat och e Kombi sinn. An d’Mëschung aus prakteschem Familljenauto a Geleeënheetssportler fënnt seng Keefer. Dofir ass et och keng Iwwerraschung, dass Skoda kuerz nom Lancement vun der véierter Generatioun eng opgemotzen RS-Versioun op d’Rieder stellt.

Den Design

Et sinn déi kleng Detailer déi aus dem Octavia Kombi en RS-Modell maachen, ouni dass den Auto wéi eng Karikatur wierkt. E Beispill ass de schwaarze Kühlergrill, wou d’Afaassung net verchromt mä schwaarz ass. Schwaarz sinn och d’Réckspigelen, genee ewéi d’Afaassunge vun de Fënsteren. Méi eng däitlech Sprooch schwätzen déi ugepasste Stoussstange vir an hannen, déi méi speziell Felgen, ouni den obligatoreschen RS-Emblem ze vergiessen.

Den Interieur

Esou däischter wéi baussen, geet et och bannendra virun. D’Armaturebriet ass mat Alcantara iwwerzunn, fir e sportlechen Touch suergen Applikatiounen a Carbon-Optik a Pedallen am Aluminium-Design. D’Sportsëtzer mat faarwege Kontrastnéit si Serie a bidden en excellenten Säitenhalt, ouni dass se sech wéi e Schraufstack uspieren. Ma net just vir sëtzt ee gutt, och op der Réckbänk hu groussgewuesse Passagéier genuch Plaz, fir Kapp a Knéien. Masseg Plaz bitt och d’Mall: 640 Liter passen eran, dat sinn 30 Liter méi wéi nach beim Virgänger. A wien d’Sëtzer ëmleet huet 1.700 Liter Raum fir ze fëllen.

Den Undriff

Beim Undriff schwëmmt Skoda mam Stroum mat. Den Octavia RS gëtt et elo och als Plug-In Hybrid, den Diesel an de Bensinner bleiwen awer weiderhin am Programm. Eisen Testauto hat de Bensinner ënnert dem Capot, an dee kënnt aus dem neie Golf GTI. Den 2.0-Liter-Véierzylinder-Bensinner liwwert 245 Päerd, a wien et drop uleet, packt et a 6,7 Sekonnen vun 0 op 100. Iwwerpréiwe konnt ech et net, bei Temperaturen ënnert dem Gefréierpunkt, Schnéi an Äis hätt en Allrad-Undriff gutt gepasst. Dee gëtt et allerdéngs just fir den Diesel-RS. Dem Bensinner bleift dogéint d’Sportfuerwierk virbehalen, wouduerch eisen Testauto 15 Millimeter méi déif läit, wéi e gewéinlechen Octavia Kombi.

Op der Strooss

E fiert sech wéi en RS, an dat ass gutt esou. Allerdéngs dierf een den Octavia RS net mat engem renge Sportswon vergläichen. Seng Stäerkt läit doran, dem Fuerer d’Wiel ze loossen, ob en entspaant ënnerwee ass oder méi dynamesch un d’Saach erugeet. D’7-Gang-DSG mécht eng gutt Aarbecht, Puristen kënnen de Bensinner awer och mat enger manueller 6-Gang-Boîte bestellen. D’Fuerwierk ass straff ofgestëmmt wat der Dynamik zegutt kënnt, mat Momenter awer de Comfort vermësse léisst. Ënnert dem Stréch probéiert Skoda zwou Welte mateneen ze verbannen, wat hinnen och gutt geroden ass. Kritik gëtt et awer fir d’Steierung, déi kaum Feedback vum Makadamm gëtt an den kënschtlech generéierten an opdrénglechen Motorsound, dee schonn am Stand net authentesch wierkt. De Sport-Modus mécht d’Saach nach schlëmmer – gutt dass een de Sound digital deaktivéiere kann. Net deaktivéiere kann een dogéint de Verbrauch. Dësen huet sech am Test - bei net sportlecher Fuerweis - tëscht 8 an 9 Liter op 100 Kilometer beweegt.

De Präis

Lass geet et fir den neie Skoda Octavia Combi RS als 2.0-Liter Bensinner a manueller Boîte mat 35.650 Euro. Domat kéint Skoda d’Erfollegsgeschicht vum sportlechen Familljekombi viru schreiwen.