• De PLUS

    • Confort
    • Optik
  • De MINUS

    • Veraarbechtung
    • Boite

Mini, Käfer an 2CV – fir der e puer ze nennen - hu virun allem eppes gemeinsam: si ware keng perfekt Autoen, mee si hunn d’Automobilgeschicht markéiert.

A si kruten, bis op d’2CV, alleguer ee modernen Nofollger. An dës Rei passt och de Land Rover Defender. De Gelänn-Dinosaurier start elo och endlech an déi zweet Generatioun. Wat nach un de Virgänger erënnert a wéi e sech fiert, dat seet eis de Paul Origer.

Automag: Land Rover Defender

D’Bezeechnung Defender koum an den 90er, mee am Fong ginn d’Wuerzelen zeréck bis an d’80er Joren, wou Land Rover mam Ninety a One Ten dee legendäre Gelännwon lancéiert huet. Wärend 40 Joer huet sech eng grouss Communautéit ronderëm d’Offroader-Ikon etabléiert – an deene war et egal ob et era gezunn, era gereent huet, ob ee gutt dra souz oder ob e gutt gefiedert war. Haaptsaach, en huet do assuréiert, woufir hie geduecht war: am Terrain. Grouss Erwaardungen deemno un de soi-disant Nofollger, dee Land Rover elo endlech Ufanks 2020 lancéiert huet.

Déi gréisste Changementer

Changéiert huet natierlech alles. Ugefaange bei der Plattform. Aktuell Sécherheetsufuederungen loosse kee separate Chassis méi zou, den Defender krut een extrem stabillen Aluminium-Monocoque. A wann och Retrodesign an der Tëschenzäit aus der Moud komm ass, huet LandRover e puer sympathesch Reminiszenzen un den Ur-Defender duerchgoe gelooss. Ugefaange bei der Karrosserieform u sech. Déi quadratesch a glat Flächen, déi typesch Schëllerlinn, déi ee besonnesch vun hannen erkennt, awer och déi kleng Réckluuchten, d’Daachfënsteren, an esouguer d’Riffelflächen um Capot, fir e puer Beispiller ze ginn, si flott optesch Gags. De Banneraum ass natierlech kee Verglach mam Virgänger. Hei dominéiere Confort an trotzdeem e bësse Minimalismus, an dat gefält. E breede Grëff iwwert dem Tableau, Gummisteppecher, geschrauften Dierverkleedungen... alles otemt de Geescht vun Onzerstéierbarkeet aus.

Den Interieur

Fir beim Banneraum ze bleiwen, an eiser Testversioun 110 mat 5 Meter Längt kënnt natierlech banne keng Klaustrophobie op. Plaz ass masseg, de Verstellberäich, wann een dann emol déi richteg Knäppercher fonnt huet, enorm par Rapport zu virdrun. An der Laangversioun komme serieméisseg nach 2 Sëtzer an der Mall dobäi. Wéi esou dacks awer just Kanner oder ganz klenge Mënschen zouzemudden. A wa mer grad meckeren... vill Plaz fir d’Gepäck bleift och net. Grad emol 464 Liter passe bis op Fënsterhéicht an de 7-Sëtzer. Wéi et sech gehéiert, muss een an den Defender klammen, an zwar iwwer 30 cm héich. Belount gëtt een no dësem Fitness-Akt mat perfekter Vue iwwert de massive Capot op de Verkéiersdschungel. D’Bedéngen ass no kuerzem Agewinne kee Problem, et gëtt ee mat extrem villen Oflagen quasi iwwerschott, genee esou grousszügeg war Land Rover mat USB-Dousen an 12-Volt-Uschlëss.

Op der Strooss

Wéi, op der Strooss? En Defender gehéiert an den Terrain. Jo, mee ech hat all Intérêt drun, dee ronn 80.000 Euro deieren Testwon nees ganz heemzebréngen. Esou huet sech den Offroad just op ee Foto-Ausfluch an eng Wiss beschränkt. Mee hei, wéi och soss op der Strooss, huet eppes dominéiert: den Defender ass esou confortabel wéi nach ni virdrun. D’Loftfiederung filtert quasi alles eraus, esouguer déi brutaalste Knubbele ginn de Passagéier erspuert. Zousätzlech goufen all d’Geräischer extrem reduzéiert. Confort gëtt bei der neier Generatioun also grouss geschriwwen. D’Motorisatioun war mam D240 déi zweetschwächst a si huet hire Match gemaach. De 4-Zylinder Turbodiesel mat 240 PS ass zwar net esou souverän wéi ee 6-Zylinder, dofir awer sécher méi spuersam. Woubäi dat och relativ ass. Minimum 10 Liter si keng Leeschtung, gemooss um Gewiicht an un der Aerodynamik awer net esou schlecht. Den Diesel kléngt dobäi agreabel käreg, erënnert klanglech e bëssen un d’Transit-Motore vum Virgänger. Just d’automatesch Boîte hat dacks net de richtege Gang parat, zemools ofbremsen an nees ufuere gouf mat Gerucks bestrooft. U sportleche Fuerstil ze denke wier am Fall vun engem Defender Gotteslästerung. Dat grousst Steier, den héije Schwéierpunkt, d’Gewiicht an déi mëll Fiederung maachen éischter Loscht op Bulli wéi op Serpentinnen.

D’Präisser

E war an en ass net bëlleg. Knapp ënner 50.000 Euro geet et lass, no uewe ginn et quasi keng Grenzen. Eisen Testauto hat nach e puer Schrullegkeeten, wéi ee Wischer dee klappert, d’Dirverkleedung déi zwitschert, eng Dichtung déi schruppt, eng iwweräifreg Alarmanlag, déi fir alles gebläert an eng Auer déi mol heiansdo d’Zäitzone gewiesselt huet – dat dierf an esou enger Präisklass net sinn. Fir de Rescht bleift den Defender sengem Ruff trei a bitt a punkto Offroad-Technik alles wat et gëtt, dat ganzt optesch mat Charakter verpaakt.