• De PLUS

    • Design
    • Hybridtechnik
    • Headup-Display
  • De MINUS

    • Haarde Plastik am Banneraum
    • Kleng Mall

Iwwer 20 Joer sinn et hier dat an der Toyota-Gamm de Yaris de Starlet ofgeléist huet.

Elo gouf als grouss Première déi 4. Generatioun zu Bréissel virgestallt an de Paul Origer konnt dee klenge Japaner fir eis fueren.

Automag: Toyota Yaris

Virun allem eppes wollt den Toyota Yaris schonn ëmmer: innovéieren, an um europäesche Marché, fir deen e konzipéiert gouf, iwwerzeegen. Déi neiste Generatioun gëtt nees zu Valenciennes a Frankräich gebaut a steet als éischte kompakte Modell op der neier TNGA-Plattform. Mat dëser Basis versprécht Toyota eng besser Dynamik, méi een déiwe Schwéierpunkt an eng méi steif a sécher Karosserie.

Den Design

Dee spillt am Segment vun de klengen Autoen natierlech eng grouss Roll. De Yaris ass schonn zënter der leschter Generatioun fort vum Kindchenschema, gouf méi erwuessen an entsprécht mam aktuelle Modell der Linn vu CHR a Corolla. An deen neien Design steet em gutt. E gouf a wierkt virun allem méi breet a méi sportlech, betount duerch ausgestallte Schutzblecher, déi dominant Calander an d’Luuchteband um Mallendeckel.

Den Interieur

Déi nei Plattform spendéiert e bësse méi Loft fir d’Knéie vun den hënneschte Passagéier, soss gouf awer, wéi dacks an dësem Segment, kee Wonner vollbruecht. Positiv opgefall ass de Plus u Plaz fir Chauffer a Bäifuerer, zemools de Verstellberäich an d’Positioun vum Pilotesëtz war bei Toyota soss net immens. Bei der Mall leie mer mat 286 Liter éischter ënnert der Moyenne, Ibiza, Fiesta a Polo bidden do e gudde Krack méi. Dofir huet sech Toyota fir de Cockpit e bësse méi getraut: vill Schwong, vill Oflagen, ee groussen Zentralschierm fir Infotainment an - an dëser Kategorie net esou üblech - esouguer een Headup Display fir de Chauffer. Ofgesinn vum haarde Plastik ass den Tableau agreabel gemaach, no e bëssen Zäit gëtt een och mat allem eens.

Den Undriff

An en Toyota gehéiert natierlech een Hybrid-Undriff an dat ass och beim Yaris Nummer 4 nees de Fall. An deen ass fuschnei. Kombinéiert gëtt elo e 1500er 3-Zylinder-Bensinner mat 93 PS an een 59 kW-Elektromotor. Zesumme ginn dat 116 PS. Kloer war de But, d’Emissiounen an de Verbrauch erofzedrécken; 3,8 Liter ginn der WLTP-Norm no versprach. Op menger Testfaart war et zwar e Liter méi, allerdéngs och mat engem groussen Undeel un Autobunn an zackege Beschleunegungen. Wat virun allem gutt gefält, dat ass elo dat erweidert elektrescht Fueren, wat bis zu 130 km/Stonn elo méiglech ass. D’Zesummespill tëscht Elektro a Verbrenner funktionéiert relativ onopfälleg. U Leeschtung feelt et net, dee mat 1500 Kubik relativ groussen 3-Zylinder huet genuch Reserven. Déi esou dacks kritiséiert CVT-Boîte mécht Sënn, wann een tatsächlech op Effizienz a spuersaamt Fueren aus ass. D’Touren a folleglech de Kaméidi bleiwen och bei Autobunntempo agreabel niddereg, fir dat néidegt Dréimoment kënnt den E-Motor an d’Spill. Nieft dem Hybrid kritt een de Yaris awer och mam selwechten 92 PS staarken 1,5 Liter 3-Zylinder ouni Elektroënnerstetzung, esou wéi als 1000er mat 72 Päerd.

D’Präisser

Minimum 17.175 Euro kascht deen neie Yaris. D’Hybrid-Motorisatioun start bei 20.600 a ka gären, an der Topversioun mat allem wat et gëtt, bei ronn 28.000 Euro landen. Vue datt et an deem Segment nach just den Honda Jazz als Hybrid gëtt, ass et schwéier ee Verglach zu der Konkurrenz aus Däitschland oder Frankräich ze zéien. Sënn mécht d’Hybrid-Motorisatioun an dësem Segment allemol.