• De PLUS

    • Kaméidisniveau
    • Vill Oflagen
  • De MINUS

    • vill haarde Plastik
    • Iwwersiicht

D’Kompaktklass huet bei Citroën Traditioun. Egal ob BX, ZX, Xsara oder C4, déi franséisch Traditiounsmark war an dësem Segment ëmmer vertrueden.

No enger relativ laanger Paus koum dann elo endlech och déi nei Generatioun vum C4. Als Verbrenner an – als grouss Première – vollelektresch. De Paul Origer war fir eis op der Presentatioun an der Belsch dobäi.

Automag: Citroën C4 & ë-C4

D’Klass vun de kompakten Hatchbacks à la Golf a Co kënnt dem Succès vum kompakten SUV net méi no. Citroën huet awer dorobber reagéiert a beim ganz neien C4 einfach béid Kategorie vermëscht. Net esou héich wéi een SUV an net esou déif wéi een normale kompakten Auto. Resultat ass eng aussergewéinlech Buedemfräiheet vun iwwer 15 cm a relativ grouss Rieder vun 69. Domat läit dann d’Vue mat 1m22 méi iwwert der Konkurrenz. Wat wëll eis Citroën domat soen? Richteg, et brauch ee keen SUV wann ee wëll héich setzen, am C4 kritt een dat och bei engem “normale” Kompakten.

Den Design

Hei kënnt awer e bëssen Offroad an d’Spill. Eng bulleg Nues am neie Citroën-Design, schwaarz Plastiksprotektioune fir de robuste Look a Reminiszenzen u fréier. Hanne presentéiert den neien C4 nämlech genee déi selwecht gedeelte Fënster an e Spoiler wéi deemools beim C4 Coupé. An net nëmmen dat, och d’Daachlinn geet wéi bei engem Coupé staark no hannen erof. Natierlech gesäit dat flott aus, d’Iwwersiicht no hanne leit awer a wat d’Passagéier op der Réckbänk dozou soen, héiere mer am nächste Kapitel.

Den Interieur

Form follows function: déi nach erwäänte Coupé-Silhouette kraazt um Récksëtz un der Frisur. Och d’Mall ass mat 380 Liter relativ kleng geroden. Mee genuch gemeckert, vir sëtzt et sech dofir ganz gutt. Agreabel a lëfteg, den Allerwäerteste gemittlech an de mëll gepolsterte Sëtzer gebett mat Vue op Erënnerungen u fréier. Den Tableau gläicht e bëssen deem vun der fréierer GSA, d’Steierrad betount déi typesch vertikal Speech. Déi digital Instrumenter si mir zwar e bëssen ze minimalistesch, dofir ginn et awer wéinstens erëm Knäppercher fir Heizung a Klima. An esouguer extrem vill Oflagen, nämlech 16 Stéck. Eng kleng Schëpp uleeë kéint Citroën allerdéngs nach bei der Veraarbechtung: et dominéiert den haarde schwaarze Plastik an ee vun eise fuschneien Testween huet och scho geknistert wéi ee Lagerfeier.

De Confort

D’Paradediscipline vu Citroën spillt natierlech och am neien C4 eng grouss Roll. Déi aus C4 Cactus an C5 Aircross bekannten Amortisseure mat hydraulesche Butéeë verschounen d’Passagéier erstaunlech gutt virun de Sënne vum Stroossebau. Just déi grouss Rieder schéngen iwwer déif Lächer heiansdo e bësse ze stolperen. Dofir ass awer de Kaméidisniveau extrem niddereg. Besonnesch an der fuschneier Elektroversioun ë-C4. Den 100 kW-Motor kenne mer schonn aus Corsa an 208, am C4 ginn esouguer stolz 350 km Autonomie versprach. Eng ideal Kombi fir den Alldag. Den dréihmomentstaarken E-Motor beschleunegt den C4 zügeg a linear a suergt fir totale Wellness. Allerdéngs sinn déi aner Motorisatiounen och kee schlechte Choix. Et ginn de Moment nach 2 Diesel an 2 Bensinner mat tëscht 100 an 130 PS. Firwat mer trotz dem Thema Motoren an der Confort-Rubrik bleiwen, ganz einfach: den C4 bleift mat egal wéi engem Undriff e gemittlech Cruiser. Kéiere krazen oder Landstroosse wetzen, dat ass net senges. Dofir ass d’Steierung ze indirekt an ze wéineg kommunikativ, den héige Schwéierpunkt suergt fir relativ vill Beweegung an der Karosserie. Muss jo och net sinn, stressfräi fueren ass hei eben d’Devise.

D’Präisser 

Déi si fair. Bei ronn 20.000 Euro start den C4 mam quirlegen 3-Zylinder-Bensinner an 100 PS. Mat déckem Diesel, Automatik a voller Hütt stinn allerdéngs scho 36.600 Euro op der Rechnung. Fir bal de selwechten Tarif kënnt een an de Genoss vum Elektroundriff - hei geet et bei ronn 34.400 Euro lass.