• De PLUS

    • Autonomie
    • Look
  • De MINUS

    • Software-Problemer
    • Vill Plastik

Mat dësem Modell wëll VW en neit Kapitel an der Firme-Geschicht opschloen.

Elektromobilitéit ass an Tëschenzäit net méi nëmmen eppes, wat fir Marke wéi Tesla reservéiert  ass. No an no kommen och all déi grouss Hiersteller mat eegestännegen Elektromodeller op de Maart. Dozou ka sech dann elo och Volkswagen zielen, wéi den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun eis ze erziele weess.

Automag: Volkswagen ID.3

Si wollten mat deem neie Modell dann och direkt eng nei Ära an der VW-Geschicht alauden... dat maache se an enger éischter Phas iwwert den Numm. En heescht nämlech ID.3.. an d'3 soll an dësem Fall fir dat 3. grousst Kapitel an der Geschicht vu Volkswagen stoen, nom Käfer an dem Golf.

Dat si grouss Ukënnegungen, déi VW domat mécht. Erfëllt den Auto déi dann och?

Dofir ass et vill ze fréi, fir doriwwer schonn en Urteel ze fällen. Wat een awer scho mol ka soen, ass dass d'Design-Konzept beim ID.3 definitiv en neit ass. Et ass en neit Gesiicht op de Stroossen, un dat d'Leit sech awer sécherlech séier gewinne wäerten. Déi éischt Cliente kruten dëser Deeg hiren ID.3 ausgeliwwert. Dobäi handelt et sech ëm e Sondermodell mat der Bezeechnung "1st Edition" a mat genee esou engem Modell, konnte mir eis éischt Testkilometer maachen.
Am Banneraum ginn et virun allem en Touchscreen a sougenannten Touch-Slider, fir z.B. d'Temperatur oder d'Lautstäerkt anzestellen. Eng nei Command, déi de Schalthiewel ersetzt, huet direkt riets hannert dem Steierrad nieft dem Display seng Plaz fonnt. D'Haptik ass éischter mëttelméisseg. Et ass vill Plastik verbaut, dee sech net grad héichwäerteg ufillt. Do kann een erwaarden, dass sech bei den nächste Modeller nach dat eent oder anert verbessert.

A wéi ass et mat der Fuereegenschaften?

Eise klengen Ausfluch ass ongeféier 210 Kilometer queesch duerch d'Lëtzebuerger Land gaangen. Ech muss soen, ech hu mech zimlech séier wuel gefillt am Auto. De Motor dreift déi hënnescht Achs un, ma d'Fuerverhale war zimlech neutral. Dat gouf duerch eng gutt Platzéierung vun de Batterien an den anere schwéiere Bestanddeeler vum Auto assuréiert. Den Testauto hat den 204 PS-Motor mat engem 58kWh-Akku. Mat deem soll een bis zu 420 km wäit kommen. Ech hat no den 210km nach eng Rechtkapazitéit fir 121km, woumat ech iwwregens am spuersaamsten ënnerwee war vun alle Journalistekollegen. De Feind vum Elektroauto war an dësem Fall och nees d'Autobunn, do geet einfach am meeschten Energie drop. Wann e plangt sech een Elektroauto zouzeleeën, soll een op alle Fall an eng Luedstatioun fir doheem investéieren, fir déi een iwwregens och eng Primm vum Staat kritt.

Wéi fält dann däin éischt Fazit no dësem kuerzen Test aus?

Soe mer esou... den Auto huet nach déi eng oder aner Kannerkrankheet, op d'mannst emol d'First Editioun, mat där mir ënnerwee waren. D'Elektronik mécht net ëmmer dat wat se soll, wat jo och
scho fir Retarde beim Lancement vum ID.3 gesuergt huet. Do muss VW nach nobesseren, well soss gëtt et e battert Kapitel mat ville Reklamatiounen.

A wou leie mer präislech?

Lass geet et bei eppes iwwer 37.000 Euro, ma do däerf een dann nach d'staatlech Primm vun 8.000 Euro ofrechnen. Fir de Modell mat der méi décker Batterie, mat där ee bis zu 549km wäit soll kommen, geet et bei 46.570 Euro lass, minus d'Primm.