• De PLUS

    • Design
    • Leeschtung
    • Plaz
  • De MINUS

    • Verbrauch
    • Wou si Knäppercher?

Zwee Joer ass et elo hir, dat Seat hir sportlech Equipementslinn Cupra zu enger eegener Mark gemaach huet.

Deemools gouf dann och een eegestännege Modell versprach an deen ass elo do. De Paul Origer huet deen neie Cupra Formentor fir eis am Alldag getest.

Automag: Cupra Formentor

Zouginn, deemools ware mer schonn e bëssen enttäuscht, wéi deen éischte Modell vun der Gamme “just” een opgedonnerte Seat Ateca war. Wann och deen neie martialesche Logo, déi typesch Akzenter am donkele Bronze an 300 PS ënnert dem Capot de kompakte SUV komplett vu senge brave Bridder ofgehuewen hunn. Mee elo ass en do: de Formentor ass ee rengrassege Cupra a kee Baaschtert mat Seat-Pendant.

Den Design

Auto-Emoción – de Slogan vu Seat hu sech d’Designer op jidde Fall zu Häerz geholl. Dem Formentor säin Design stécht nämlech voll dovunner. Cupra schwätzt vun engem SUV-Coupé, fir mech ass et éischter een héichgeluechte Shooting Brake. Esou oder esou eng ganz gelonge Silhouette, vill muskulös Akzenter a Schwong an de Flanken an een imposante Capot wann ee bannendra sëtzt. Do passt an der Topversioun dann och perfekt déi mattblo Lackéierung an déi riseg Felge mat Bronzeakzenter. Och am däischteren ass de Formentor direkt ze erkennen. Sief et um beliichte Schrëftzuch an de Réckluuchten, dat duerchgezunnent Luuchteband um Mallendeckel oder dee grousse Logo, dee bei den Dieren op de Buedem projezéiert gëtt.

Den Interieur

Och bannenan huet een direkt dat Gefill vun engem exklusiven Auto. E flotten Design, top verschafft, héichwäerteg Matièren, flott Faarfakzenter, wéi an eiser Versioun d’Integralsetzer am bloen Nappalieder mat Bitzereien am Bronze – dat gefält! An och bei de praktesche Wäerter am Interieur wousst de Formentor ze iwwerzeegen. Trotz Coupélinn sëtzt een hanne wéi vir immens gutt. Been a Kappfräiheet sinn absolut an der Rei, besonnesch hannen erstaunt dee gudde Sëtzconfort. Och d’Mall ass mat Minimum 420 Liter brauchbar.

Op der Strooss

Déi déckst Motorisatioun ass ee gudde Bekannten. Am Formentor leescht den 2.0 TSI 310 Päerd a 400 Nm an ass un eng 7-Gang DSG-Boîte gekoppelt. Dat bescht ass awer den Allrad-Undriff. Ouni déi 4 gedriwwe Rieder hätt ech nëmmen hallef esouvill Spaass gehat. D’Traktioun ass nämlech enorm. Alles wat den opgeluedene 4-Zylinder ofgëtt, gëtt direkt an Acceleratioun ëmgesat. Dobäi iwwerrascht och d’DSG mat vivem Uspriechen a séiere Gangwiessel, zemools iwwert d’Schaltpaddel. Just am Cupra-Modus kann ee Kickdown emol een zimmlech ruppegt Zeréckschalten bewierken. Allerdéngs geet et dann och onheemlech virun. A 4,9 Sekonne sinn 100 km/h erreecht, de Soundgenerator ënnermoolt dat ganzt mat enger Mëschung aus alem Audi-5-Zylinder a Subaru Turboboxer – villäicht e bësse pubertär, mä et mécht Spaass... dee villäicht beim Tanke vergeet. Léisst een et kraachen, da si minimum 10 bis 11 Liter fälleg. Brav gefuer ass awer och d’WLTP-Donnée vu maximal 9 Liter méiglech.

De Fuerspaass

Mat engem SUV-Coupé sech ameséieren? An ob dat geet – 1.650 Kilo si wierklech nach net ze vill an dat wierkt sech positiv op d’Fuerverhalen aus. De Formentor schaukelt net an e pecht, et gëtt kee Rutschen iwwert déi viischt Rieder, keen Hënneschten deen een iwwerhuele wëllt, eng punktgenee a kommunikativ Steierung, dozou Sëtzer déi ee perfekt halen. A wann ee just emol gemittlech an d’Vakanz fuere wëllt. En anere Fuermodus a scho si Fiederung, Motor a Sound der Situatioun ugepasst. No der ganzer Lobhudelei gëtt et awer ee massive Kritikpunkt, dat ass d’Bedéngen. Wou setzt een den Dageskilometerzähler op Null? Wéi kréien ech am däischteren d’Heizung méi waarm? Wou stellen ech den Toun an? Wou geet d’Heckscheiwenheizung un? Et muss getoucht a geslidet oder an Ënnermenue gewullt ginn an dobäi geet de Bléck op d’Strooss dacks verluer. Wou ass mäi gudden ale Knäppchen?

D’Präisser

Beim Ateca ware mer deemools e bëssen erféiert – beim Formentor geet Cupra een anere Wee a proposéiert och méi kleng Motoren. Domat start den SUV Coupé scho bei 32.600 Euro an hallef esouvill Päerd. Fir mech kéim éierlech gesot just d’Topversioun a Fro, mat ronn 45.100 schléit dës zu Buch. Am Fall vun eisem Testauto, spréch mat mattem Lack, bloem Lieder oder der Brembo-Bremsanlag ass een op iwwer 53.000 Euro.