
E Freideg den Owend gëtt d’Opfaart vun der A3 um Gaasperecher Kräiz, wann ee Richtung Frankräich fiert, fir op d’A1 a Richtung Däitschland fir den Trafic gespaart. Bis ongeféier e Méindeg de Moien um 4 Auer muss een dann d’A3 weiderfuere bis op Léiweng, do d’Sortie huelen an nees zeréck op d’A3 a Richtung Stad fueren. Da kann een d’Sortie um Gaasperecher Kräiz fir op d’A1 a Richtung Tréier, Kierchbierg oder Findel huelen.
Well d’Aarbechten awer scho virun 20 Auer preparéiert ginn, warnt Ponts et Chaussées, datt et scho virdrun zu Problemer am Trafic ka kommen.