CovoiturageLuxcov: Eng Plattform fir de gemeinsame Wee op d'Aarbecht

Lara Beidler
All Dag pendelen dausende Frontalieren op Lëtzebuerg. Mat senger Plattform Luxcov well de Martin Stoz si matenee vernetzen an esou de Covoiturage fir déi deeglech Trajete méi einfach maachen.
© Domingos Oliveira / RTL

Am Mee 2026 huet de Martin Stoz d'Covoiturage-Plattform Luxcov lancéiert, déi sech speziell un d'Frontalieren aus der Belsch, Frankräich an Däitschland riicht, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen. Dat Besonnescht un der Plattform: Si ass komplett gratis a konzentréiert sech net op eenzel Faarten, mä op déi deeglech Trajete vun doheem op d'Aarbecht an erëm zeréck.

D'Iddi ass dem Grënner am Mäerz komm. Am Kontext vun de Spannungen am Noen Osten an der Ongewëssheet iwwer d'Entwécklung vun de Bensinnspräisser huet hie sech d'Fro gestallt, wéi een d'Käschte fir Pendler kéint reduzéieren.

Och wann d'Plattform nach um Ufank steet, ass de Grënner mat den éischte Resultater zefridden. D'Plattform zielt no e puer Méint scho ronn 100 Benotzer, an ongeféier 25 Trajete ginn ugebueden. Gläichzäiteg ass him bewosst, datt den Erfolleg virun allem vun der Unzuel u Trajeten ofhänkt. "'t ass mat der Quantitéit, wou de Succès kënnt. Et brauch ee vill Trajeten, fir datt d'Benotzer eppes fannen, wat passt."

Seng Prioritéit ass et, datt Luxcov fir Privatleit och an Zukunft gratis ass. "Ech wëll, datt d'Plattform komplett gratis bleift fir d'Benotzer. Wann Dir en Trajet proposéiert, kënnt Dir eppes Klenges froen, mee dat geschitt hors Plattform." Luxcov selwer verdéngt näischt un de Faarten.

Betriber kënnen eng speziell Versioun, de Business-Plan, notzen, fir de Covoiturage ënnert hire Mataarbechter ze fërderen. An dem Modus ginn Donnéeën ewéi déi gemeinsam gefuerene Kilometeren an déi agespuert CO₂-Emissiounen ausgewäert.

Fir d'Zukunft hofft de Martin Stoz, datt ëmmer méi Pendler de Wee op Luxcov fannen an d'Plattform sech als praktesch Alternativ am Alldag etabléiert.

Back to Top
CIM LOGO