CFL deele matManner Zich tëscht der Stad a Beetebuerg a béide Richtungen wéinst technescher Pann

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'CFL an engem Schreiwes matdeelen, kënnt et op de Linnen Lëtzebuerg-Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz zu Problemer.
© Envato Leungchopan

Den CFL no gouf et op der Héicht vu Bierchem en technesch Problem, deen d'Linnen Lëtzebuerg-Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Diddenuewen-Metz betrëfft.

Esou goufen d'Schnellzich tëscht der Stad a Rodange a béid Richtunge gestrach, d'Regionalbunne fueren awer. D'Zich tëscht der Stad a Metz fueren och weider, datt awer manner reegelméisseg, wéi gewinnt.

Déi technesch Ekippe wieren am Moment op der Plaz, fir nom Problem ze kucken. Et geet een aktuell dovunner aus, datt d'Zich e Mëttwoch géint 15 Auer normal kënne fueren. All D'Detailer an d'Updates ginn et op CFL.lu.

D'Schreiwes vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO