D'Aarbechter si bal fäerdegOp der Autobunnsbréck zu Diddenuewen ass d'Vitess nees op 90 km/h eropgesat ginn

Maurice Fick
iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem grousse Chantier um Viaduc de Beauregard, wéi d'Bréck heescht, gouf d'Vitess op der A31 viru Méint vun 90 op 70 km/h erofgesat.
Depuis mai 2025, la vitesse était limitée à 70 km/h sur le viaduc de Beauregard à Thionville. Ce 23 juin 2026 marque le retour aux limitations de vitesse qui étaient en place avant les travaux sous le double pont.
Zanter Mee 2025 war d'Vitess op der Bréck op der A31 zu Diddenuewen vun 90 op 70 Stonnekilometer erofgesat ginn. Dëst gouf op eisem Nationalfeierdag op en Enn.
© Maurice Fick / RTL

Mëtt 2024 war mat den Aarbechten op dëser Plaz ugefaangen ginn, wat dozou gefouert huet, datt d'Vitess um Viaduc de Beauregard am Mee 2025 vun 90 op 70 Stonnekilometer reduzéiert gouf. Och d'Radaren, déi fix op der Bréck stinn, waren ugepasst ginn. Knapp 13 Méint méi spéit ass de Chantier elo quasi eriwwer an d'Limitatiounen op der Bréck goufen opgehuewen.

Eng 80.000 Autoen, dorënner vill Frontalieren, déi op Lëtzebuerg schaffe kommen, oder Lëtzebuerger, déi op Metz akafe fueren, notzen dës Bréck all Dag. Informatioune vum RTL Infos no wäert et elo bei den 90 Stonnekilometer fir d'Autoe bleiwen, Camionen dierfe mat 80 iwwer d'Bréck fueren.

D'Vitesslimitatioun vu 70 km/h war wéinst der Sécherheet agefouert ginn a well een mat alle Mëttele verhënnere wollt, datt een dës fir den Trafic wichteg Bréck misst spären. Et ware vill Aarbechten un der Bréck, déi 1972 a Betrib geholl gouf, ze maachen, well dës huet iwwert d'Joren an duerch déi däitlecher Hausse vum Trafic vill gelidden.

Elo bleiwen nach verschidde méi kleng Aarbechten op an ëm d'Bréck ze maachen, ma d'Responsabel vum Chantier si sech sécher, datt een no dësen Aarbechten nees "fir 100 Joer gutt ass". 13 Milliounen Euro huet d'Sanéierung kascht, déi zum gréissten Deel vun der Région Grand Est gedeckt goufen.


Detailer zum Projet ginn et bei eise Kolleege vun RTL Infos

Back to Top
CIM LOGO