Recommandatioune vum ACLMam Auto an d'Vakanz? Dës Feeler kënne séier deier ginn

Loïc Juchem
Déi nächst dräi Weekender wäerten op den Autobunne besonnesch chargéiert sinn. Gréisstendeels sinn et Departen a Richtung Vakanzendestinatiounen, wou mat vill Verkéier a Stau ze rechnen ass.
Mam Auto an d'Vakanz? Dës Feeler kënne séier deier ginn
Déi nächst dräi Weekender wäerten op den Autobunne besonnesch chargéiert sinn.

Den ACL recommandéiert dofir, entweder moies ganz fréi oder eréischt am Nomëtteg fortzefueren. Nieft dem klassesche Peage an de Vignetten, déi a verschiddene Länner obligatoresch sinn, ginn et och nach aner, speziell Vignetten, déi ee brauch. D'Crit'Air-Vignette a verschiddene Stied a Frankräich oder eng Umweltplakette an Däitschland.

"Wou et elo besonnesch méi komplizéiert ass, wat d'Belsch ubelaangt, ganz vill Leit wëssen net, dass ee sech do muss enregistréieren. Et ass zwar gratis, mee zu Bréissel, Gent an Antwerpen gëtt iwwer d'Plackennummer kontrolléiert. Wann een net enregistréiert ass, muss een do mat Protokoller rechnen", erkläert de Frank Maas vum ACL. Och an Italien ass Virsiicht ugesot. A ville Stied dierfen Autoen ouni speziell Autorisatioun net an déi sougenannt Zone à Trafic Limité (ZTL) erafueren. Wien d'Schëlder iwwersäit, riskéiert eng deier Geldstrof.

"Wéi zum Beispill an Italien, wou et op ville Plazen dës 'Zone à Trafic Limité' gëtt. Et ass ganz wichteg, dass ee mam Privatauto oder mam Locatiounsauto net erafiert. Dat ass just fir Awunner oder Leit mat enger spezieller Geneemegung. Soss kann dat tëschent 100 an 300 Euro kaschten", warnt de Frank Maas.

Fir d'Sécherheet virun der Rees ze erhéijen, bitt den ACL och dëst Joer säi Vakanzentest un. Wärend ronn 50 Minutte ginn ënner anerem d'Luuchten, d'Pneuen, de Motor an d'Pneuen iwwerpréift, fir méiglech Mängel fréi z'erkennen. Zousätzlech rifft den ACL d'Automobilisten dozou op, ausgeschlof an d'Rees ze starten, genuch ze drénken an ënnerwee net ze fetteg oder ze séiss z'iessen. Dat soll dozou bäidroen, d'Opmierksamkeet um Steier och op laange Strecken héich ze halen.

Wou ass de Weekend am meeschte lass?

Frankräich:

Wie mam Auto a Richtung Frankräich ënnerwee ass, muss sech op e bësse Stau astellen. Schonn op der Transitautobunn tëscht Thionville a Metz kann et zéi ginn. Duerno leeft de Verkéier meeschtens erëm besser bis op Beaune. Do kënnt den Trafic vun der Paräisser Autobunn an dee vu Mulhouse zesummen, wat reegelméisseg fir laang Staue suergt. Och ronderëm Lyon muss mat vill Verkéier gerechent ginn. En anere grousse Knuet ass op der Héicht vun Orange. Do trennt sech d'Autobunn: déi eng Streck féiert a Richtung Spuenien, déi aner op d'Côte d'Azur. Besonnesch um Ufank vun der Summervakanz entstinn do dacks gréisser Retarden.

Däitschland:

Och an Däitschland ass Gedold gefrot. A Richtung München gëtt et dëse Weekend an och déi nächst Weekender voll. Als Alternativ recommandéiert den ACL de liicht méi laange Wee iwwer d'A6 via Heilbronn an Nürnberg, wou de Verkéier normalerweis besser leeft. A Richtung Norddäitschland kënnt een nach relativ gutt bis op Köln. Duerno geet et awer virun allem am Ruhrgebitt séier méi lues.

Belsch:

Och d'Belsch bleift net vu Verkéiersproblemer verschount. Schonn op der Héicht vun Habay suergt e Chantier dofir, datt de Verkéier just iwwer eng Spuer leeft. Schonn ënner der Woch sinn do bis zu 40 Minutte Stau gemooss ginn – iwwert de Weekend kéinten d'Waardezäiten nach däitlech méi laang ausfalen. Zousätzlech muss een och ronderëm Bréissel, souwéi op der Streck iwwer Gent a Brugge mat vill Vakanzentrafic rechnen.

Sécher an d'Vakanz: Police mécht grouss Kontroll

Den 11. Juli huet d'Police zesumme mat der franséischen a belsche Kolleegen eng Verkéierskontroll op der A6 duerchgefouert, bei der de Fokus op de Vakanzentrafic louch. Schwéierpunkt vun der Kontroll warn den allgemeng techneschen Zoustand vun de Gefierer, esou wéi de Bléck dorobber, ob alles sécher verstaut ass.

D'Beamten hunn dobäi 25 Verstéiss festgestallt, an 11 Fäll zum Beispill waren d'Gefierer iwwerlueden. Bei enger Persoun, déi ënnerwee an d'Vakanz war, konnten d'Beamte feststellen, datt d'Remorque, déi beluede war, als geklaut gemellt gi war.

Back to Top
CIM LOGO