Vill genotzte StroossN4 tëscht Esch an der franséischer Grenz ass fir ronn 6 Wochen zou
An den nächste Woche kann et an an ëm Esch zu nach gréissere Problemer am Trafic kommen, well d'N4, déi vun dausende Leit am Dag genotzt gëtt, gespaart ass.
Wéi d’Gemeng Esch matdeelt, ass d’N4 tëscht Esch/Uelzecht an der franséischer Grenz a béid Richtunge vum 13. Abrëll u fir ronn 6 Woche gespaart. Et ass eng Strooss, op där an der Woch all Dag eng 20.000 Autoe passéieren.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Den Trafic, deen normalerweis iwwer dës Strooss erakënnt, gëtt ronderëm ganz Esch ëmgeleet.