
An deem Kontext gouf der Police dann och matgedeelt, dass eng zoppnaass Persoun op engem Busarrêt an der Géigend géing stoen.
Eng Patrull vun der Police konnt zwou Persounen op der Plaz untreffen. Déi weider Enquête huet opgedeckt, dass déi zwee presuméiert Täter nieft hirem Abroch an d’Scheier och an dräi Gefierer agebrach waren, wéi um Terrain vun der Scheier stoungen. Si haten dës no Wäertgéigestänn duerchsicht. Allebéid goufen op Uerder vum Parquet festgeholl a koumen e Sonndegnomëtteg virun den Untersuchungsriichter.