Déi jonk Ukrainerin Kseniia-Anastasiia erzielt iwwer hir Krichs-Erliefnisser. Wat déi 19 Joer jonk Fra an hir Famill an där vun de Russe besater Stad Berdyansk matgemaach hunn a wéi Kanner vun de Russen endoctrinéiert ginn a leiden.
Den Ukrain Krich soll net vergiess ginn. Dofir hunn d’Asbl LUkraine zesumme mat den Ambassadeuren aus zéng Staaten an der Vertriedung vun der Europäescher Unioun hei zu Lëtzebuerg d’Advocacy Coalition an d’Liewe geruff.
Fir déi 19 Joer jonk Kseniia-Anastasiia war et e ganz speziellen Ament, wéi si e Méindeg de Mëtteg virun iwwer 150 Gäscht, am Auditoire vum Europaparlament um Kierchbierg, d’Wuert ergraff huet. Déi jonk Fra hat 15 Joer, wéi hier Heemecht Berdyansk, um Asowsche Mier, de 27. Februar 2022 vun de Russen ageholl gouf.
D’Emotioun war grouss, wéi d’Kseniia-Anastasiia erzielt huet, wéi d’Russen de Kanner verbueden hunn, Online-Coursen op Ukrainesch ze suivéieren. Wéi si obligéiert gouf, an d’russesch Schoul ze goen, wou d’Weltgeschicht op ee Mol eng ganz aner war. Déi jonk Fra huet den Ament beschriwwen, wéi d’Russen hire Papp festgeholl hunn, well en an de soziale Medien en anti-russesche Message publizéiert hat. An der Gefaangenschaft gouf de Papp gefoltert. Evenementer déi d’Kseniia-Anastasiia déif markéiert hunn.
Fir d’éischt an hirem Liewen am Ausland, gëtt déi jonk Fra hei zu Lëtzebuerg vun enger Psychologinne begleet: “Ech hu gutt geschlof. Ech hu gutt giess. Hei sinn ech an engem Land, wou ech rou fannen. Wou ech mech wuel fillen. Et sinn entspanend Deeg.”
E Méindegmoien huet déi jonk Ukrainerin d’Stad entdeckt. Iwwerdeems huet si enger RTL-Ekipp erzielt, wéi si déi zwee an en halleft Joer ënner russescher Occupatioun erlieft huet. Iert et der Mamm gelongen ass, mat de Kanner op Kiew ze flüchten. Wéi wichteg et hir ass, datt d’Mënschen an Europa, awer och an der Ukrain selwer, aus éischter Hand gewuer ginn, wat an de besate Gebidder geschitt. Wei Kanner verschleeft a vun de Russen Endoctrinéiert ginn:
“Den Ament, schaffen ech mat Psychologen, dat hëlleft. Ech kann nees meng Zukunft plangen. Ech wéilt gär als Event Manager schaffen. Dat léieren ech op der Uni. Wei ech déi besat Territoire verlooss hunn, hunn ech Studien ugefaangen. Wärend engem Joer hunn ech u menger Zukunft gezweiwelt. Et war onméiglech ze plangen. Ech hu just nach vun Dag zu Dag gelift.”
Wat d’Zukunft vun der Ukrain ubelaangt, sou hofft d’Kseniia-Anastasiia, datt all déi besaten Territoiren, och hier Heemechtsstad Berdyansk kënne befreit ginn, datt déi deportéiert Kanner an Zaldoten heem kommen, an datt d’Ukrainer an engem fräien, onofhängege Land kënne liewen, dat ganz enk mat der Europäescher Unioun zesummeschafft.