Zeienopruff no FarerfluchtEng Persoun e Sonndeg zu Rëmerschen ugestouss - Gesicht gëtt no donkelem VW

Andy Brücker
Eventuell Zeie solle sech bei der Police zu Réimech / Munneref mellen.
© RTL Grafik

E Sonndeg den Owend géint 20 Auer gouf et en Accident op der N10 zu Rëmerschen. Éischten Informatiounen no gouf eng Foussgängerin vun engem Auto ugestouss. D’Foussgängerin gouf dobäi schwéier verwonnt an huet mussen an d’Spidol bruecht ginn.

Gesicht gëtt elo no engem Auto, dee vun der Onglécksplaz geflücht wier. Et kéint sech heibäi ëm e VW vun donkeler Faarf handelen, heescht et am Schreiwes vun der Police.

De Chauffer vun deem Auto oder eventuell Zeie solle sech bei der Police zu Réimech/Munneref mellen, dat ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 77 1000 oder via E-Mail op police.remichmondorf@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO