
D’Police wäert de Mëttwoch am Kader vum europäesche “Speedmarathon” landeswäit massiv Vitesskontrollen duerchféieren. D’Aktioun leeft iwwer 24 Stonnen a gëtt besonnesch op d’Spëtzestonnen ausgeriicht, wéi d’Police matdeelt.
D’Kontrolle sinn Deel vun der paneuropäescher “Speed"-Campagne, déi vum 13. bis den 19. Abrëll organiséiert gëtt. Koordinéiert gëtt dat Ganzt vu Roadpol, d’Netzwierk vun der Stroossepolice aus ganz Europa.
A ville Länner ginn an där Zäit parallel Vitesskontrollen duerchgefouert. Wéi d’Police schreift, bleift ze séiert Fuere nämlech weider Haaptursaach vun déidlechen Accidenter an Europa.
Nieft de Kontrolle setzt d’Police och op Sensibiliséierung. D’Aktioun gëtt duerfir de ganzen Dag op de soziale Medie begleet, ënner anerem iwwer den Instagram-Account @policelux. Do sollen Informatiounen zu aktuelle Kontrollen, awer och Preventiounsmessagen a Foto-Reportagë gedeelt ginn.