Mord a Restaurant um Kierchbierg 2022Parquet général freet am Appell 30 Joer Prisong

Diana Hoffmann
An éischter Instanz war géint déi zwee Ugekloten eng Prisongsstrof vu jee 30 Joer mat 5 Joer Sursis gesprach ginn.
D'Spueresécherung vun der Police beim Vapiano um Kierchbierg de 17. Abrëll 2022.
D’Spueresécherung vun der Police beim Vapiano um Kierchbierg de 17. Abrëll 2022.
© Domingos Oliveira

Géint zwee Männer, déi am Abrëll 2022 eng Ugestallten aus dem Vapiano brutal ëmbruecht hunn, freet de Parquet général am Appell d’Confirmatioun vum Urteel aus éischter Instanz, an domat eng Prisongsstrof vun 30 Joer. De Sursis soll da vum Geriicht decidéiert ginn. An éischter Instanz war dësen op 5 Méint festgeluecht ginn.

Déi zwee Verurteelt haten de 16. Abrëll viru 4 Joer eng 46 Joer al Italieenerin um Kierchbierg an de Bürosraim am Sous-sol vum Restaurant Vapiano ëmbruecht. Souwuel d’Affer, wéi och ee vun den Täter hunn do geschafft.

Zu spéider Stonn hat dësen Täter sech ënner engem Pretext iwwert en Aarbechtskolleeg Zougang zum Gebai verschaaft. Kuerz drop ass hien awer net nees erausgaangen, wéi ugeholl, mee huet sech verstoppt an e Kolleeg eragelooss. Déi Zwee hate Wëlles, Suen aus dem Safe ze klauen, mee waren dobäi eppes no 23 Auer op dat spéidert Affer gestouss, dat antëscht eleng op der Aarbecht war.

Déi zwee Männer aus dem Senegal hunn extrem brutal reagéiert. Deen een huet d’Fra mat enger Zaang op de Kapp geschloe, deen aneren huet se gewiergt, bis se dout war. D’Iwwerwaachungskameraen hunn alles festgehalen. D’Täter si mat knapp 4.000 Euro geflücht, ouni sech ëm d’Affer ze këmmeren.

De Mann, deen den Aarbechtskolleeg eragelooss hat, gouf fräigesprach. Hien hätt näischt vun de Pläng gewosst, huet et an éischter Instanz geheescht. Anescht gesinn dat awer d’Affekote vun der Famill vum Affer. Wann hien d’Dier deen Owend net opgemaach hätt, wier et an hiren Aen net zu der Dot komm. De Parquet général confirméiert hei awer de Fräisproch aus éischter Instanz.

“Ech ka mer net virstellen, wéi een enger Persoun esou e Leed kann zoufügen. Ech akzeptéieren hier Excusen net”, sot d’Mamm vum Affer. A reagéiert domat op d’Wierder vun den zwee Verurteelten, déi hier Duechter ëmbruecht hunn. Dës hate gesot, dass si Appell gemaach hätten, fir sech z’erklären a sech bei der Famill vum Affer z’entschëllegen. Hir Affekoten hunn eng Reduktioun vun der Strof gefrot, mat der Argumentatioun, dass geplangt gewiescht war, Suen ze klauen, awer net eng Persoun ëmzebréngen. Dobäi kéim, dass déi zwee en eidele Casier hätten.

D’Vertriederin vum Parquet général huet dat awer anescht gesinn. “Se waren op alles preparéiert”, huet si ënnerstrach. Béid wiere maskéiert gewiescht an hätten eng Zaang dobäi gehat. D’Reaktioun, wéi si d’Fra gesinn hunn, wier da komplett demesuréiert gewiescht. Et géing hei keng Diskussioun doriwwer ginn, dass et kloer d’Intentioun ginn hätt, d’Fra ze neutraliséieren. D’Iwwerwaachungskameraen hätten dann d’Brutalitéit vun der Dot festgehalen.

D’Urteel an zweeter Instanz wäert de 24. Mäerz gesprach ginn.

Back to Top
CIM LOGO