
D’Grondschoulen zu Lëtzebuerg kréien een neie Léierplang. Virop gouf et vill Luef fir den neie Léierplang, den sech gutt géing un déi nei gesellschaftlech Realitéiten upassen. Gréisste Neierung si siwen transversal Sujeten déi an der Schoul sollen thematiséiert ginn. Dat awer net duerch nei Fächer, mee am Cours vun deene Fächer an Aktivitéiten, déi et schonn gëtt. Dat war eng vun de Prezisiounen en Dënschdeg de Moien.
Ënnert deene neie Sujeten sinn zum Beispill Medien a Kënschtlech Intelligenz, Education affective et sexuelle oder nach Education financière. Den Claude Meisch:“Do hunn mer och haut scho ganz flott Projeten gehat. Mee eppes huet gefeelt, dat ass d’Verbindlechkeet. An duerch d’Integratioun an de Plan d’études kréien mer och déi Verbindlechkeet, dass et net just um Enseignant oder un der Enseignante läit, ob eng Klass dann dat Thema méi mécht oder bei engem Projet matmécht oder net matmécht. Mee dass et wierklech eng Obligatioun ass, dass een dat am Laf vu senge Joren och gesäit.”
Den CSV-Deputéierte Paul Galles begréisst, wéi all déi aner Deputéiert, d’Aarbecht déi gemaach gouf, wollt awer wëssen, firwat ee sech net och e Beispill u Skandinavien geholl huet, déi an all den internationalen Etüden wäit vir leien: “De Virdeel vun de Kanner an deene Länner ass, dass se fréi Empathie léieren. [...] Wou kënnt dat Thema vun der Empathie, vum Zesummeliewen als Mënschen, awer och vun dem typesch mënschlechen vis-à-vis vun der Technologie oder der KI, wou kënnt dat an dem transversalen Themen genau vir?”
De Claude Meisch: “Bei Empathie falen mer eng ganz Rei vu Fächer an. Vie et société ënner anerem mat zwou Wochestonnen. Wou et jo awer drëms geet, seng Plaz, säin Liewen, seng Plaz an der Gesellschaft an der Communautéit ze fannen an ze verstoen. Wie sinn ech? Wat sinn ech? Wéi sinn ech mat deenen Aneren?”
Aktuell gëtt och un engem neie Plan d’études fir de Secondaire geschafft. Dozou eng Fro vun der LSAP-Deputéiert Francine Closener: “Ech weess, dass och Participante [vun participative Reuniounen am Virfeld, ndlr] ugeschwat hunn, dass et am Fong un engem roude Fuedem feelt vu Kanner vun 3 (Joer) bis herno d’Première soen mer mol. Wou gëtt dat dann gemaach?”
Den Direkter vum Script Luc Weis: “Dir hutt et e roude Fuedem genannt, ech géing et Kohärenz nennen. Et ass wichteg, dass Kohärenz ass vu ganz kleng bis bei déi Grouss an dass et openeen opbaut. An et ass och genau dat, wat mer an dem zweete Consultatiounsprozess [fir den neie Plan d’études am Secondaire, ndlr] wëllen an de Mëttelpunkt stellen. [...] Mee t’ass kloer, dass et muss opbauen op deem, wat aus dem Fondamental kënnt. Dat heescht, wa mer bei de Sproochen op engem Niveau B1 erauskommen, kënne mer net op engem C2 ufänken. Dat mécht kee Sënn. Dat ass net kohärent.”
Deen neie Léierplang fir d’Primärschoul gëtt scho vun der nächster Rentrée un an de Cyclen 1 an 2 agefouert, d’Cyclen 3 a 4 sinn d’Joer drop drun. 16 Informatiounsversammlunge ginn an den nächste Méint fir d’Enseignanten uechter d’Land organiséiert.
Dee neie Léierplang soll iwwregens dëse September iwwer eng digital Plattform lancéiert ginn. Dat ass virop fir d’Léierpersonal geduecht, mee och fir all déi aner Bierger accessibel.