Ermëttlunge lancéiertKannerpornografesch Fotoen an der Zell vum belsche Seriemäerder Dutroux fonnt

RTL mat AFP
D'belsch Autoritéiten hu kannerpornografesch Biller an der Zell vum verurteelte Kannermäerder Marc Dutroux entdeckt.
Die belgischen Behörden haben kinderpornografische Bilder in der Zelle des verurteilten Kindermörders Marc Dutroux gefunden.
Zanter bal 30 Joer ass de Marc Dutroux am Prisong.
© POOL/AFP/Archiv

Wéi de Parquet vun der Regioun Brabant Wallon matgedeelt huet, goufen Ermëttlunge lancéiert, nodeems belsch Autoritéite kannerpornografesch Biller an der Zell vum Marc Dutroux fonnt hunn. Den Dutroux ass zanter geschwënn 30 Joer wéinst der Vergewaltegung vu sechs Meedercher a jonke Fraen an dem Mord vu véier vun hinnen an Isolatiounshaft.

Der belscher Wochenzeitung “Humo” no waren d’Biller schonn 2024 am Laf vun enger allgemenger Perquisitioun am Prisong zu Nivelles entdeckt ginn. Et handelt sech hiren Informatiounen no ëm ronn 200 pornografesch Biller. D’Hallschent dovu solle plakeg Kanner weisen.

Weider geet aus dem Bericht ervir, dass de verurteelte Marc Dutroux sengem Affekot Bruno Dayez soll vu Mobbing duerch aner Prisonéier erzielt hunn, déi d’Biller a seng Zell geschmuggelt hätten. Den Affekot wollt op Nofro vun AFP keng Ausso dozou maachen.

Den Dayez hat 2021 versicht, eng Fräiloossung vu sengem Mandat no 25 Joer Prisong z’erreechen, ouni Succès. Eng psychiatresch Expertise war negativ ausgefall an huet dem Dutroux attestéiert, dass weiderhin eng Gefor besteet, dass et op en Neits zu Gewaltdote kéint kommen.

Den haut 69 Joer alen Dutroux war 1996 festgeholl ginn an 2004 zu liewenslaangem Prisong verurteelt ginn. D’Geriicht hat hie schëlleg gesprach, an de Joren tëscht 1995 an 1996 am Ganze sechs Meedercher a jonk Fraen entféiert a vergewaltegt ze hunn, souwéi zwee vun hinnen ermort ze hunn. Déi zwee aacht Joer al Meedercher Julie Lejeune a Mélissa Russo hat hie bal véier Méint a sengem Keller gefaange gehalen an huet si, nodeems hie festgeholl gouf, erhéngere gelooss. Hie gouf och nach wéinst der Ermordung vun engem Kompliz schëlleg geschwat.

Back to Top
CIM LOGO