2.000 bis 3.000 Euro SchuedZu Nouspelt goufen nom Buergbrennen d'Baatsche vun engem Zelt zerschnidden

Cédric Ferry
Tëscht e Sonndegowend an e Méindegmëtteg hunn Onbekannter d'Zelt vun den Organisateure vum Nouspelter Buergbrenne beschiedegt.

E Samschdegowend war zu Nouspelt um Léck dat traditionellt Buergbrennen, dat, ewéi all Joers vun den “Nouspeleter Buergbrenner” organiséiert gouf. No engem gelongenen Owend hunn d’Membere vun der ASBL sech dann e Sonndeg un d’Ofriichte vum Material gemaach. Wéi ee vun de Veräinsmemberen an engem kuerzen Telefonsgespréich mat RTL sot, wier d’Ofriichten op deem Dag och wéi virgesinn ofgelaf an et hätt ee bal dat ganzt Material nees kënnen apaken.

Just beim Zelt huet ee mam Apake misse waarden, bis d’Baatschen nees dréche waren. Dowéinst hätt een decidéiert gehat, dëst nach en Dag op der Plaz stoen ze loossen an e Méindegowend um 17 Auer mam Ofrëschten unzefänken. Ma wéi ee vun de Memberen e Méindeg an der Mëttesstonn bis op d’Plaz war, fir ze kucken, wéi wäit d’Zelt scho gedréchent wier, huet hie gesinn, dass d’Zelt op enger ganzer Partie Plazen zerschnidde gouf. An 13 vun am Ganzen 20 Baatschen haten Onbekannter tëscht e Sonndegowend 17 Auer an e Méindegmëtteg 12 Auer era geschnidden. De finanzielle Schued kéint een nach net genee chiffréieren, et géif een awer vun 2.000 bis 3.000 Euro ausgoen. Den Devis fir d’Reparatur respektiv déi nei Baatschen wier jiddwerfalls ugefrot.

Wéi et géif ausgesinn, wier et den Täter nëmmen drëms gaangen, fir Schued ze verursaachen. D’Zelt wier den Ament vum Tëschefall eidel gewiescht, sou dass een näischt hätt kéinten draus klauen. Bei verschiddene vun de Schnëtt géif een ausserdeem erkennen, dass se vu banne gemaach goufen. Well keng Saache méi am Zelt loungen, war dëst och net méi zougespaart, sou dass een ouni Probleem vu baussen erakomm ass.

D”'Nouspelter Buergbrenner” hu wéinst der Saach eng Plainte géint “Onbekannt” bei der Police deposéiert. Falls een zoufälleg eppes vun der Dot sollt matkritt hunn, kéint ee sech awer och gären iwwert hire Facebook-Profil bei de Buergbrenner direkt mellen.

Back to Top
CIM LOGO