Diagnos Broschtkriibs"Ech weise mech, obwuel ech nëmmen eng Broscht hunn, mee ech liewen!"

Lynn Cruchten
Am Hierscht 2024 krut d’Cheryl Guth-Goulleven d’Diagnos béisaartege Broschtkriibs.
Diagnos Broschtkriibs
Am Hierscht 2024 krut d’Cheryl Guth-Goulleven d’Diagnos béisaartege Broschtkriibs.

Et war eng Noriicht, déi hiert Liewen op d’Kopp geheit huet. Direkt koumen hir Gedanken an de Kapp, si misst stierwen. Ängscht, déi d’Dokteren hir awer konnt ewechhuelen. Dräimol gouf d’Cheryl un der lénker Broscht operéiert. Si huet fir sech decidéiert, dës um Enn net méi opbauen ze loossen, a steet zu hiren Narben. “Dat ass kee Grond fir sech ze schummen oder ze verstoppen”, seet déi bestuete Fra a Mamm vun dräi Kanner.

Fir d’Famill war d’Broschtkriibsdiagnos och e Schock. Vun Ufank un huet d’Cheryl awer oppen an éierlech iwwert hir Krankheet geschwat an och all Etapp vun der Behandlung mat hirer Famill a Frënn gedeelt. Dat hätt alle gehollef, seet déi betraffe Fra.

Broschtkriibs mat ugangs 40 Joer wier hautdesdaags näischt Aussergewéinleches méi, seet d’Onkologin Dr Caroline Duhem aus dem CHL. D’Zuel vun den Neidiagnosen vu Broschtkriibs bei Fraen ënner 50 Joer wier iwwert déi lescht Jore permanent an d’Luucht gaangen.

Am Kader vum nationale Mammografie-Programm zu Lëtzebuerg gi Fraen tëscht 45 a 74 Joer all zwee Joer fir eng gratis Ënnersichung invitéiert. Et sollt een awer och selwer bewosst no sech kucken, seng Broscht oftaaschten an op Risikofacteuren oppassen.

Gutt 80 Prozent vu Broschtkriibspatientinne géifen hautdesdaags geheelt ginn, seet d’Onkologin. Bei Fréierkennung wieren d’Iwwerliewenschancen nach méi héich.

Et géif och ëmmer méi versicht ginn, op staark Chimio-Behandlungen ze verzichten. Hormontherapië wieren nämlech grad esou effikass, hätten awer manner schlëmm Niewewierkungen.

Dorop baséiert och den Traitement vum Cheryl. Dat bedeit fënnef Joer laang all Dag Pëllen huelen an emol de Mount kritt si eng Hormonsprëtz. Zënter hirer leschter Operatioun am Mäerz 2025 muss si och reegelméisseg bei de Kiné.

D’Cheryl selwer an hir Famill si sech bewosst, dass nach net vu kompletter Heelung ka geschwat ginn, mee dass dat Schlëmmst wuel iwwerstanen ass. “Ech schätze mäi Liewe vill méi”, seet d’Cheryl Guth-Goulleven.

D'Cheryl Guth-Goulleven erzielt, wéi si mat hirer Diagnos Broschtkriibs ëmgeet

Back to Top
CIM LOGO