Fräisproch fir de Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer
Mat engem Fräisproch fir déi 3 Ugeklote koum en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht de sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess op en Enn.
"Et konnt net zweiwelsfräi etabléiert ginn, dass d'Ecoutten illegal waren: Dowéinst sinn d'Ugeklote Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer fräizespriechen!" Sou steet et am schrëftlechen Urteel vu 40 Säiten zum sougenannte Srel- oder Frisbee-Prozess, dat d'Justiz en Donneschdeg an der Mëttesstonn public gemaach huet. En Donneschdeg de Moie waren déi fréier Geheimdéngschtleit um Stater Geriicht fräigesprach ginn.
D'Riichter schreiwen, dass den deemolege Srel-Chef Marco Mille dem Jean-Claude Juncker am Januar 2007 zweemol ugeruff hätt, fir de Premier iwwer en Telefonsgespréich tëscht dem André Kemmer an dem Loris Mariotto z'informéieren an iwwert d'Noutwendegkeet, fir den Elektronikspezialist ofzelauschteren. Den Ex-Staatsminister wär also informéiert gewiescht. De Marco Mille wär glafwierdeg, wann e seet, dass hien déi mëndlech Autorisatioun vum Premier hat, fir de Loris Mariotto op Ecoute ze setzen. De Jean-Claude Juncker hätt sech am Prozess net méi un den Inhalt vun den zwee Gespréicher mat sengem Geheimdéngschtchef erënnere kënnen. D'Illegalitéit vun den Ecoutten hätt dofir eben net zweiwelsfräi kënne festgehale ginn, sou nach d'Geriicht.
"Ganz zefridden", "Agréabel iwwerrascht" a "Frou": Dat waren déi éischt Reaktiounen en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht vun den Affekote vun den 3 Ugekloten am sougenannte Srel- oder Frisbee-Prozess. Just virdru waren de Marco Mille, de Fränk Schneider an den André Kemmer an 1. Instanz fräigesprach ginn.
Et wär dat gewënschte Resultat no enger laanger Affär, déi hoffentlech heimat hiert Enn fonnt hätt, huet z.B. den Affekot vum fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille gemengt.
Woubäi de Me Laurent Niedner natierlech virun Aen huet, dass de Parquet d'Méiglechkeet huet, fir Appell ze maachen, deem säi Vertrieder hat jo all kéiers eng Geldstrof fir déi 3 Beschëllegt verlaangt. Et wär elo ze kucken, wéi d'Urteel motivéiert ass.
Hat den Affekot vum Marco Mille wéinst dem Verlaf vum Prozess dann net awer mam Schlëmmsten "gerechent", spréch enger Verurteelung?
"Jo, eng Condamnatioun, dat ass dat, wat mer hei jo wollte vermeiden a wat eis och gelongen ass!"
Hien hätt sech net virgestallt, dass den Ausgank vum Prozess sou positiv wär, huet de Me Laurent Ries erkläert:
"Dass mer awer elo sou verstane géife vum Tribunal, dat hätt ech mer net sou, am Fong, zesumme gereimt!"
Besonnesch wann ee wéisst, wéi de Prozess verlaf ass, sou den Affekot vum Fränk Schneider. D'Riichter hätten den Affekoten hir Argumenter awer unerkannt an eng "extrem gutt Aarbecht gemaach". An den Ae vum Me Laurent Ries ass et net onméiglech, dass de Parquet Appell mécht, dee Moment misst deen den Dossier awer méi seriö opschaffen.
De Me Pol Urbany war frou iwwert dat Urteel, v.a. fir säi Client André Kemmer, deen 13 Joer e Calvaire duerchlieft hätt, deen elo op en Enn kéim. Frou war den Affekot donieft, well d'Riichter "eenzeg richteg Decisioun" getraff hätten:
"Et ass en Zeeche vu Riichter-Konscht, fir aus deem Dossier, wéi deen hei virgeluecht ginn ass, dat doten Urteel ze maachen. Et ass gerecht, et ass richteg an et entsprécht deem, wat mir gefrot hunn. Mir sinn also frou op der ganzer Linn!"
Hie géif net unhuelen, dass de Parquet Appell mécht, sot de Me Pol Urbany: Engersäits hätt de Spuk scho laang genuch gedauert an anerersäits géif hien dovun ausgoen, dass dëst Urteel ganz grëndlech motivéiert wär. Dobäi wär de Prozess e ganz schwierege gewiescht, duerch eng ganz eesäiteg Enquête...
"...eng Enquête, déi total à Charge gemaach ginn ass géint déi 3 Ugekloten. Wann den Dossier sou schlecht opgebaut ass, d.h. sou eesäiteg opgebaut ass, fäert een natierlech och ëmmer, dass d'Riichter sech doduerch beandrocke loossen!"
Dat wär hei awer net de Fall gewiescht an dat wär gutt sou, war den Affekot vum André Kemmer erfreet.