Wéi kann et sinn, datt mir de bis ewell onbekannte CIA-Rapport iwwer d'Bommeleeër net kruten? Dat froe sech d'Affekote Lydie Lorang a Gaston Vogel.

An där Fro riichte sech béid Affekote un de Juge d'instrcution Ernest Nilles an de Procureur Georges Oswald.  Si mengen, de CIA-Rapport hätte si missen virun der Presse kréien a froe sech, wat hinnen nach verstoppt gëtt. Si froen sech och, firwat dat CIA-Dokument net scho laang am Dossier ass a wëlle wëssen, wien déi anonymiséiert Nimm an deem Rapport sinn. Si fuerderen massiv, datt et och soll Enquêten a Perquisitiounen beim Militär ginn.

Et sief drun erënnert, datt am CIA-Rapport steet, d'Bommeleeër hätte wahrscheinlech en intensiven Bommen-Training bei der Police oder beim Militär kritt.

VIDEO: Dossier Bommeleeër: Froen iwwert de Rapport vum CIA
De Rapport vum CIA vun 1986 werft eng ganz Rei Froen op, ënnert anerem déi wien zu Lëtzebuerg vun deem Rapport Bescheed wosst.
AUDIO: Bommeleeër-Prozess/Reportage Nico Graf

An de Prozess?

Do war dach nach eppes, richteg, den nächste Volet am Bommeleeër-Prozess. No 177 Sëtzungen tëschent dem Februar 2013 an dem Juli 2014 ass de Prozess jo gestoppt ginn, well géint 6 weider fréier Gendaarmen enquêtéiert gëtt. An dat dauert ... elo schonn iwwer zwee Joer laang. An d'Aarbecht vum Juge d' instruction gëtt wuel och nach dëst Joer nach net fäerdeg.

Dëser Deeg ass jo en neit Element an den Dossier Bommeleeër bäikomm, de Rapport vun der CIA, geschriwwen virun den zwou leschte Bommen. De Procureur Georges Oswald hat jo dee Rapport dëser Deeg vun eis gewise kritt, de Juge d'instruction hat en e bësse méi fréi, d'Enquêteure schaffen elo drun.

Mä wou ass d'Enquête géint d'Hären Harpes, Reuland, Bourg, Stebens, Schockweiler, Weydert drun, alles fréier Gendaarmen, déi sech am Prozess onkloer a widderspréchlech geäussert haten?

Pro Personnage gëtt et een extensive Rapport, seet de Procureur Oswald. Et muss gekuckt ginn, ob bei Devoire sech erausschielen. Hannert dem Stéchwuert "Devoiren" verstoppt sech Aarbecht fir d'Police judiciaire: Nei Enquêten. Doriwweraus kéint ee mat e bësse Recul elo gesinn, wéi d'Leit sech vläicht widdersprach hunn, wat nei Verhéier mat sech brénge géif.

Op en Termin, wéini den Dossier esouwäit ass, datt un e Prozess kéint geduecht ginn, op esou en Termin wëll de Procureur sech net méi festleeën. Et gëtt awer massiv um Dossier geschafft. All Dag 8 Stonnen an och mol méi.

Am Summer hat de Georges Oswald nach gesot, elo am Wanter kéim vläicht eng Decisioun. Mä vu datt d'Recoupementer vun den Aussoen aus den 177 Prozess-Deeg vum Bommeleeër-Prozess esou vill Aarbecht maachen a vill Zäit kaschten, wäert et wuel 2018 ginn, ier an der Bomme-Geschicht um Geriicht eppes weidergeet.

Den Historique vun den Attentater
20 Attentater bannent 20 Méint.Tëscht 1984 an 1986.Dat ass d'Attentatsserie ,déi Lëtzebuerg bis haut beschäftegt.