Et muss elo en Aarbechtsëmfeld geschaf ginn, an dem d'Infirmièren an Infirmiere kënne méiglechst laang schaffen, ouni krank ze ginn.

Dëst ass wichteg, well 70% mam Gedanke spillen, de Beruff fréizäiteg ze verloossen wéinst de Konditiounen, ënnert deene si hire Beruff  ausüben. D'Anne-Marie Hanff, Infirmière a Presidentin vum Beruffsverband fir Infirmièren an Infirmiere betount, dass et elo wichteg ass, um Ball ze bleiwen an déi richteg Prioritéiten ze setzen.

Lëtzebuerg brauch 3.827 zousätzlech Infirmièren an Infirmiere bis 2030. Dëse Bedarf koum net vun haut op muer.

Duerch de Wuesstem an den demographesche Wandel gëtt eis Gesellschaft ëmmer méi al an domadder och de fleegereschen a medezinesche Bedarf. Gläichzäiteg ginn eng rei Gesondheetsberuffler selwer an d’Pensioun.

Iwwer Joerzéngten hu mir net genuch Infirmièren a Medezinner forméiert, fir eisen eegene Bedarf ze decken.

2019 ass dës Problematik du chiffréiert ginn am Rapport Lair:

2/3 vun den Infirmièrë ginn aus dem Ausland rekrutéiert.

Bis dohi goufen zwar Wantervullenzielunge gemaach, mee kee wosst, wéi vill Infirmieren iwwerhaapt zu Lëtzebuerg schaffen, an et schéngt kee gestéiert ze hunn.

Dass et ethesch net vertrietbar ass, wa Servicer an der Grande-Regioun mussen zoumaachen, well d’Lëtzebuerger hinnen d'Personal fort rekrutéieren, misst u sech kloer sinn.

De Buttek mat den Nopeschlänner huet den Héichpunkt wärend der Pandemie erreecht, wou souguer de Premier d’Thema zur Chefsaach erkläert huet.

D’Infirmièresformatioun gouf endlech, wann och zögerlech op de Leescht geholl, mee d’Grënn, firwat d’Infirmièren de Beruff fréizäiteg verloossen, krute wéineg Opmierksamkeet.

4 Joer an 1 Pandemie méi spéit, 2023, gouf dunn am Plan National Santé de Bedarf gerechent: eng ëmgerechent weider 547 Infirmièren an Infirmiere gi gebraucht an dat pro Joer (3827/7)!

Laut dem Rapport Lair forméiere mir awer nëmmen 10% dovunner.

Mëttlerweil ass an Europa e Krich ausgebrach. Wann een elo bedenkt, wéi mir am Krichsfall mat dëse limitéierte Ressourcë géingen eis eege Populatioun versuergen, dann erkennt een den Ausmooss vun der Situatioun, déi d’Regierung misst als Gefor fir déi ëffentlech Gesondheet erkennen an deklaréieren!

Mir hunn et scho virun der Pandemie gefuerdert, an dat nämmlecht gëllt nach ëmmer haut: Et brauch eng koherent Fleegepolitik!

Fir d'Penurie an de Grëff ze kréien, misst d’Lëtzebuerger Regierung sech e kloert Ziel setzen, beispillsweis bis d’Joer XY,

2/3 vum Gesondheetspersonal selwer ze forméieren an d’Infirmièrë méi laang am Beruff ze halen.

Och muss endlech verflichtend decidéiert ginn, wéi eng vun de ville Léisungsvirschléi, bis wéini, vu wiem, wéi ëmgesat ginn! Positiv Ureizer fir Institutiounen (Schaaffe vu guddem Aarbechtsëmfeld, Stageplazen,...) ënnerstëtzen d’Erreeche vun dësen Zieler.

Fir d’Ëmsetzung weider ze dreiwe brauch et och onbedéngt eng interministeriellen Task Force. Eng kontinuéierlech Evaluatioun hëlleft um Ball ze bleiwen.

Dir gesitt, et gi genuch Baustellen an net genuch Leit, déi sech drëms këmmeren.

Am Accord de coalition gouf souguer d’Kreatioun vun engem weidere Fleegeberuff an Aussicht gestallt.

Wa mir allerdéngs de Problem un der Wuerzel wëlle packen, musse mat de limitéierte Ressourcë fir d’éischt déi laangjäreg d’Problemer vun de bestoende Beruffer geléist ginn, fir dass eise Gesondheets- a Fleegesecteur endlech prett gëtt fir d’Zukunft!