Carte blanche vum Françoise HettoWat ass schif gelaf?

Françoise Hetto
Reegelméisseg ass op RTL an och an anere Medien ze héieren an ze liesen, dass mer zu Lëtzebuerg, mee warscheinlech net hei eleng, e reelle Probleem hu mat verhalensopfällegen, jo esouguer gewaltbereete Kanner a Jugendlechen. Rezent nach gouf an deem Sënn deen neien Aktiounsplang vum Ministère virgestallt fir Kanner mat sozio-emotionale Schwieregkeete besser z'encadréieren. Mä d'Fro ass: wisou pléischtere mer just? Wisou gëtt de Probleem net bei der Wuerzel ugepaakt? Eng Carte blanche vum Françoise Hetto, fréier CSV-Ministesch.
© RTL

Carte blanche vum Françoise Hetto

Ech soe bewosst pléischteren : IEBSen, speziell Strukturen, méi CDSEen a méi CTSTen.

Déi mannste Leit wëssen, dass dës Strukture fir Kanner sinn, déi sozio-emotional Probleemer hunn. A gutt, dass et dës Strukture gëtt. Gutt och, dass d’Léierpersonal elo mat deem neien Aktiounsplang wäert méi ënnerstëtzt ginn.

Mä de Fakt, dass vill Kanner ëmmer méi Ënnerstëtzung brauchen, gëtt awer ze denken.
D’Pediatere confirméieren déi traureg Realitéit: Laut hinne gëtt et ëmmer méi schlëmm. All Dag gi si mat Kanner konfrontéiert, déi vum Léierpersonal wéinst Verhalensopfällegkeete bei si geschéckt ginn.

Och de President vum SNE ass der Meenung, dass ëmmer méi Kanner verhalensopfälleg ginn. D’Presidentin vun der Mënscherechtskommissioun mécht sech Suergen, well mëttlerweil esou vill Jonker stroffälleg ginn. Mannerjäreger, déi, well keng Plazen zu Dräibuer sinn, am Erwuesseneprisong landen.

Et ass erschreckend wéi jonk dës mannerjäreg Stroftäter sinn. Dat Jéngst laut hirer Ausso ganzer 11 Joer. Dat ass eng Katastroph.

Net eleng de Fakt, dass se am Erwuesseneprisong placéiert ginn, mee och de Fait, dass se iwwerhaapt stroffälleg ginn. An ech schwätzen hei net vu Kanner, déi am Supermarché ee Knätsch geklaut hunn. Nee, et geet ëm Jonker, déi mat Gewalt op hir Ëmwelt reagéieren.

Et besteet Konsens, dass d’Zuelen erop ginn, dass d’Doten ëmmer méi brutal ginn, an dass den Alter vu jonke Stroftäter erofgeet.

Leider hu mer keng adequat Äntwert dorobber. Mir hu bis elo weder ee Jugendschutz- nach ee Jugenstrofgesetz, nach eng zouen Struktur mat genuch Plaz fir déi Jonk opzehuelen, mir hu kee konsequente Suivi fir si fir duerno. Mir hu net genuch Manpower an de Schoulen, mä virun allem hu mer bis dato nach keng seriö Analys gemaach, wat dann d’Ursaache vun dëser Entwécklung sinn.

Mir brauchen eng Etüd, fir de Problem bei der Wuerzel unzepaken.

Wat ass schif gelaf bei dëse Kanner? Hate si traumatesch Erfarungen? Hu si Entwécklungsstéierungen, déi ze spéit erkannt goufen? Feelt hinnen eng stabil Bindung zu hiren Elteren? Oder déi sozial an emotional Ënnerstëtzung vun den Elteren? Jo oder nee? Feelt hinnen e klore strukturéierte Kader an hirer Erzéiung doheem? Jo oder nee?

Iwwerhuelen hir Elteren déi néideg Responsabilitéit an der Erzéiung? Kréien d‘Elteren déi néideg psychologesch Ënnerstëtzung vu baussen

Ass d’Personal an de Betreiungsstrukture genuch ausgebilt, fir op all d’Erausfuerderungen ze reagéieren? Ass de Kanner a Jonken hiren Interlocuteur an der Haaptsaach den Ecran?

Op all dës Froe brauche mer eng Äntwert.

Eng fondéiert Analys vun deem, wat wéini schif gelaf ass. Dat ass de Grondsteen vun enger effikasser Hëllef. Dann eréischt wësse mer, wou den Hiewel muss ugesat ginn.

Preventioun an net just pléischteren.

Back to Top
CIM LOGO