Um 80. Joresdag vun der Befreiung vun Auschwitz, stellt sech d’Fro nom “Wéi konnt et esou wäit kommen?” ganz besonnesch.

Carte Blanche vum Michèle Schilt

2025 kann een net direkt mat den 1930er vergläichen an awer sollt een iwwerleeën, wéi een d’Demokratie schütze kann, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.  
 
Demokratie - méi wéi Walen

Demokratie ass d’Herrschaft vum Vollek. Dat hu mer an der Schoul geléiert. Mee wat heescht dat genee? Et gi jo ganz verschidden demokratesch Systemer, deen an den USA ass anescht wéi deen an der Schwäiz oder deen zu Lëtzebuerg.

De Kär allerdéngs vun der Demokratie sinn dräi Saachen:

1. Fräiheet - all Eenzele soll sou fräi wéi méiglech kënne liewen, also net nëmmen d’Majoritéit, mee jiddereen.
  
2. Gläichwäertegkeet - all Mënsch ass d’nämmlecht vill wäert. Dee Prinzip schränkt d’Fräiheet an, z.B. ass ee fräi seng Meenung ze soen, sou laang een engem aneren seng Fräiheet net verletzt. Sexismus, Rassismus an Homophobie si keng Meenung.

3. Géigesäiteg Kontroll – d'Mënsche kontrolléieren d’Muecht notamment iwwert fräi Walen, d’Institutioune kontrolléieren sech géigesäiteg an et gi fräi Medien, déi Politik an Gesellschaft kritesch beliichten.   
 
Wéi kann een d’Demokratie ofschafen?

Eng Demokratie ka sech duerchaus selwer ofschafen. De Mode d’emploi liwwert z.B. Ungarn: Fir d’éischt gräift een d’Meenungs - an Pressefräiheet un. Aner Meenungen, wéi déi vun der Regierung kréie keng Plattform méi oder ginn ënner Strof gestalt. Dann ännert een de Walsystem zu senge Gonschten ëm an et bréngt een d’Justiz ënnert d’Kontroll vun der Regierung. A schliisslech kontrolléiert een d’Zivilgesellschaft andeems een den ONGen, anere Parteien oder de Gewerkschaften d’Liewe schwéier mécht oder se ganz verbitt.

Fir datt dat geschitt, geet et duer, datt eng Partei, déi sech dat virhëlt, massiv d’Wale gewënnt. A scho ka se ufänken ëmzebauen. Wann een dat net wëllt, da muss een d’Demokratie schützen. Wéi geet dat?
 
Wéi kann een d’Demokratie schützen?  
 
D’Viraussetzung dofir ass Vertrauen an d’Demokratie. Fir datt d’Mënsche Vertrauen hunn, brauch ee staark Institutiounen. Dat heescht, datt d’Gemengeverwaltungen, d’Police, d’Chamber, d’Geriichter an d’EU-Institutiounen no transparente Prinzippie funktionéieren a Rechenschaft ofginn iwwert dat wat ze maachen. Dat heescht och, datt déi Leit, déi do schaffen, sech hirer Roll bewosst sinn. Geneesou wéi d’Politiker a Politikerinnen, déi net fir sech, mee fir d’Mënschen alleguer schaffen a mat de Biergerinnen a Bierger a Kontakt sinn, ier se Decisiounen huelen an net réischt dono.

Et brauch een alternativ Forme vu Biergerbedeelegung, wéi z.B. Biergerréit, déi sou vill verschidde Mënsche wéi et geet matbestëmme loossen an net nëmmen déi puer, déi sech ëmmer engagéieren.

Et brauch een eng staark Zivilgesellschaft an e kritesche Journalismus, déi op Saachen hiweisen, déi net sou lafe, wéi se sollen.

A finalement brauch een eng konsequent politesch Bildung vu klengem un a fir jiddereen. Eng politesch Bildung, déi net nëmme Wëssen iwwert d’Demokratie vermëttelt, mee déi och d’Freed an d’Leed vun der Demokratie erliefbar mécht a weist, wou all eenzelen eppes bewierke kann. Net nëmme Kanner a Jonker musse léieren, datt et an enger Demokratie keng einfach Léisunge gëtt a wat fir een enorme Präis ee fir d’Ofschafe vun deem ustrengende System misst bezuelen.

Grad haut, 80 Joer no der Libératioun vun Auschwitz muss kloer sinn, datt Demokratie, Mënscherechter a Mënschlechkeet net vuneneen ze trenne sinn.