
Playdoyer fir eng stark Friddensbeweegung
E puer Beispiller just aus der rezenter Vergaangenheet: den zënter Joren undauernde Krich am Oste vun der Ukrain, dem Trump an dem Netanjahu hir Ugrëffskricher géint de Libanon, Gaza an elo erëm géint den Iran, entgéint jidder Vëlkerrecht, demselwechte grössewansinnegem Trump seng aggressiv an imperialistesch Manövere ronderëm Grönland, Venezuela, Panama a Kuba a seng récksiichtslos Douanstaxekricher géint wirtschaftlech Konkurrenten, och géint eis Europäer.
D’Zuel vun den doudegen Zivilisten a vu verkrëppelte Kanner, déi Trump an Netanjahu mat hire Bommekricher ze veräntwerten hunn, wäert wäit an déi zéngdausende goen. A leider spillen dobäi och eis europäesch Spëtzepolitiker an dëse Konflikter eng zimmlech traureg Roll!!
Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,
Déi vergaange 5-6 Joer zënter 2020 ware keng schéi Joren. Ugefaangen 2020 mat der sougenannter Coronapandemie an hiren negative Konsequenzen, déi bis haut nach net éierlech analyséiert an opgeschafft gi sinn, an no 2022 dunn all déi virdru genannte Kricher a Konflikter. Ugesiichts vun all deem si ganz vill Leit haut desillusionéiert, veronséchert an total enttäuscht vun der virherrschender Politik an zweiwelen um Sënn vu jidder politeschem Engagement.
Ech mengen awer, datt et grad an dësen esou schwieregen Zäiten erëm zu vill méi Engagement misst komme fir Fridden, Demokratie an méi sozial Gerechtegkeet. Virun allem fir e gerechte Fridden. E bekannte Sproch seet an deem Sënn richtegerweis Follgendes: Fridden ass net alles, mee ouni Fridden ass alles aneschtes näischt!
Dat war eng Carte blanche vum Jean Huss, Ex-Deputéierten.