Et geet eis nach ëmmer net ëm d'Suen!

"D'Infirmière kritt elo hire Bachelor. Dat ass ze begréissen. Mee iergendee muss d'Aarbecht jo maachen." Dës Ausso vun engem Directeur am Extra-hospitalière Secteur bereet der Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren (ANIL) Suergen, well et d'Begrënnung war, firwat en neie Gesondheetsberuff gebraucht soll ginn. Hir Presidentin, d'Anne-Marie Hanff, erkläert firwat.
"D'Infirmière* mat engem Bachelor kascht herno ze deier, fir déi usprochslos Aarbecht um Bett vum Patient. Dowéinst wäerte mir si manner an der direkter Patienteversuergung asetzen**, an déi vill Infirmièren, déi deemnächst an d'Pensioun ginn, kënnen duerch een neien, am Lycée forméierten an doduerch méi bëllege Gesondheetsberuff, ersat ginn, deen d'Technike fläisseg exekutéiert an dobäi hoffentlech net ze vill onbequeem Froen oder Fuerderunge stellt."
Sou, kéint een dës Ausso iwwerspëtzt interpretéieren.
An dëst bereet eis Suergen, well si e Schratt no hanne bedeit: Amplaz ze iwwerleeën, wéi der Infirmière hir Qualifikatioun an der direkter Gesondheetsversuergung besser agesat ka ginn, gëtt d'Infirmière als vermeidbare Käschtepunkt gesinn.
Geet et hei ëm d'Patienteversuergung oder em d'Suen?
Wann den Asaz vu manner qualifizéiertem Personal dann nach méi rentabel ass, wéi eng gutt Fleeg, da riskéieren d'Fleegeberuffer, net wéi geplangt opgewäert, mee ofgewäert ze ginn, mat grave Konsequenze fir d'Gesondheetsversuergung. Konkret heescht dat: da feelt d'Infirmière nach méi fir kritesch Situatioune fréi z'erkennen, an déi richteg Schrëtt anzeleeden. Resultat: Leit ewéi meng Bomi, ginn onnéideg an d'Spidol ageliwwert.
Mee wéi konnt déi Iwwerleeung et da bis an de Koalitiounsprogramm packen?*** D'Decisiounen zu Lëtzebuerg schéngen net op Basis vun Avise getraff ze ginn, mee duerch perséinlech, politesch vernetzte Kontakter. Wa 70 % vun den Infirmièren am Ausland wunnen, also keng potentiell Wieler a Kontakter sinn, ginn eis Fuerderunge vläicht manner eescht geholl. Amplaz riskéiere mir, wéi och an der Pandemie, als Helde bezeechent ze ginn, déi Merci gesot kréien, fir weiderhin ënner schwieregen Aarbechtskonditiounen duerchzehalen. Mee tausche mat eis wéilt keen, obwuel mir jo awer Merci gesot an eng Primm ausbezuelt kruten****.
Goung et nees ëm d'Suen?
De Problem geléist, huet d'Primm allerdéngs net. Dobäi wëlle mir just en agreabelt Aarbechtsëmfeld wou mir eiser Haaptaufgab - der Gesondheetsversuergung - nokommen a mat engem gudde Gewëssen heem goe kënnen. A wa mir méi Jonker fir den Infirmièr sstudium wëlle begeeschteren, da musse mir hinne Weiderentwécklungsméiglechkeeten um Bett vum Patient mat enger Work-life-Balance garantéieren!
D'Haaptléisung, déi d'Gesondheetsministesch an der rezenter Interpellatioun präsentéiert huet, schéngt allerdéngs d'Aféierung vun deem zousätzleche Gesondheetsberuff ze sinn. Erëm eng Decisioun, déi d'Situatioun vun den Infirmieren an der Gesondheetsversuergung net verbessert. Bei de Léisungen, déi d'Aarbechtskonditiounen an d'Entwécklung vun eisem Beruff uginn, si mir, wéi et schéngt, net virgesinn. Och dat bereet eis Suergen.
*duerch déi limitéiert Platz gëtt nëmmen déi weiblech Form genotzt. D'Infirmiere sinn heimadden natierlech genee sou gemengt.
**dobäi verbrénge mir scho 40% vun eiser Aarbechtszäit NET um Bett vum Patient (LetzCare 2021)
***weder den Etat des lieux (2019), d'Etude LetzCare (2021), de rezente Policy brief vun der WHO (2024), nach d'Beruffsverbänn (ANIL, ALAS), d'FHL, d'Gewerkschaften oder de Conseil supérieur pour Certaines Professions de Santé (CSCPS) ënnerstëtzen d'Aféierung vun engem zousätzleche Beruff. Den rezenten Policy brief vun der WHO (2024) spezifizéiert souguer „The answer is not simply to introduce nurse associate roles. Increasing the proportion of less-well trained nurses increases patient mortality and nurse burnout.”
****et geet an et goung eis ni em d'Suen!