
D'Realitéit am Klassesall huet sech staark verännert. D'Roll vum Enseignant ass enorm komplex ginn. Den Enseignant muss haut gläichzäiteg pedagogesch begleeden, Konflikter léisen, Eltere beroden an ëmmer méi individuell Besoine geréieren.
D'Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen ass richteg a wichteg. Mee eng inklusiv Schoul dierf net bedeiten, datt een Enseignant eleng alles droe muss. Wa mir et eescht menge mat Inclusioun, da brauche mir méi spezialiséiert Ënnerstëtzung direkt am Klassesall a séier Prozeduren, déi net méintelaang un administrativen Demarchen hänke bleiwen. Dat ass kee Luxus. Dat ass eng Noutwennegkeet.
Eng aner grouss Baustell ass d'Bürokratie. Vill Enseignanten hunn haut d'Gefill, méi Zäit mat Paperassen ewéi mat de Kanner ze verbréngen. Digitaliséierung eleng léist dat net, besonnesch da wa se just nei administrativ Chargë schaaft. Wat gebraucht gëtt, si konkret Entlaaschtungen: Sekretariater fir d'Grondschoul, administrativ Ënnerstëtzung an eng pedagogesch Organisatioun, déi erëm Zäit huet, de Fokus op den Unterrecht an op d'Kand ze riichten.
Dobäi kënnt: keng zwou Grondschoulen hunn déi selwecht Erausfuerderungen. Wat an enger Gemeng gutt funktionéiert passt net automatesch an eng aner. Dowéinst brauche Schoule méi Autonomie an Entscheedungsfräiheet am Alldag. Eng professionell Schouldirektioun, mat Mandat a Mëttelen, no bei der Praxis, kéint vill beweegen a Punkto Entlaaschtung vum Léierpersonal an direkt Léisung vun Defien.
Besonnesch prekär bleift och d'Situatioun vun de Chargéen. Haut hale si grouss Deeler vun eiser Schoul um Liewen. Wéinst Personalmangel gi mëttlerweil 25 % vun de Stonne vun hinnen iwwerholl. An awer schaffe vill vun hinnen a permanenter Onsécherheet, vun engem CDD an deen nächsten. Eng Schoul kann net op Dauer stabil sinn, wann een Deel vum Personal vu Joer zu Joer ausgetosch gëtt.
A mir mussen endlech éierlech iwwer d'Aarbechtsrealitéit vum Enseignant schwätzen. Vill vun deem, wat haut qualitativ héichwäertegen Unterrecht ausmécht – Virbereedung, Evaluatioun, Differenzéierung, Teamaarbecht an Elteregespréicher – geschitt owes oder um Weekend. Dat ass net akzeptabel. Eng modern Schoul brauch och eng ugepassten Definitioun vun der Tâche vum Enseignant.
Et gëtt keng Wonnerléisung. Mee et gëtt se awer, déi konkret Pisten. A vläicht misste mir ophalen, permanent nei Reformen unzekënnegen a léiwer déi bestoend konsequent evaluéieren a verbesseren.
Well eng Schoul steet a fält net mat Reformen op Pabeier. Si steet a fält mat de Mënschen, déi all Moien d'Dier vum Klassesall opmaachen.