
Den éischte Lëtzebuerger Präis fir Architekturkritik gouf den 29. Abrëll iwwerreecht. Dësen neie Präis, organiséiert vum OAI, ass Deel vun der Publikatioun Architecture deLUX, an där zéng europäesch Journalisten an Architekturhistoriker zwanzeg aussergewéinlech Projeten zu Lëtzebuerg analyséieren.
De Chefredakter vum engem ganz populären Online-Architekturmagazin gouf vun de Lieser als Gewënner fir säin Artikel iwwer e Waassertuerm gewielt. Architekturkritik spillt eng entscheedend Roll an der Perceptioun an dem Verständnis vun eiser gebauter Ëmwelt. Manner am Sënn vun enger einfacher Gutt/Schlecht-Klassifikatioun funktionéiert gutt Architekturkritik als Vermëttler tëscht allen Acteure fir e resilient Zesummeliewen. Dës ëffentlech Mediatioun schaaft souwuel Distanz ewéi och Kontext. Si erlaabt eis, d‘Projeten an e méi breede kulturellen, sozialen, ekonomeschen an urbanen Zesummenhang ze setzen an ze verstoen.
Fir effektiv ze sinn, muss d'Architekturkritik an zwou Etappe stattfannen: bei der Aweiung vum Gebai an och zwee Joer, nodeems et benotzt gouf. Dës Perspektiv hëlleft, widderhuelend Muster, Stäerkten, mee och Erausfuerderunge besser z'identifizéieren a gemeinsam Léisungen ze fannen. Tëscht sengem internationale Charakter a senger lokaler Identitéit stellt Lëtzebuerg, duerch seng Gréisst, säi Multikulturalismus an seng Dynamik e "kondenséierte Laboratoire" fir zäitgenëssesch Architektur, Ingenierie a Urbanismus duer.
Wéi ee vun de Journalisten festgestallt huet: Lëtzebuerg ass ebe just kee Monaco an huet vill ganz gutt Beispiller vun nohalteger Planung. D‘Baukultur brauch d‘Bierger – an d‘Bierger brauchen eng Sprooch, déi verständlech an zougänglech ass. D‘Architekturkritik spillt eng wichteg Roll, fir dës Verbindung opzebauen an eng méi breet Debatt ze fërderen, fir Akzeptanz an Zesummenaarbecht z'erreechen. An domat och den NIMBY-Effekt (Not In My Backyard) anzedämmen.
Fräi Architekturkritik z‘akzeptéieren, als Ausdrock vun eiser Baukultur, hëlleft, gemeinsam Äntwerten op d‘Fro ze fannen: Wéi wëlle mir bauen a liewen? A wie baut, baut fir ons all. Dofir d’Wichtegkeet, datt den informéierte Bauhär seng gesellschaftlech Verantwortung mat onofhängegen Architekten a Ingenieuren deelt. Dës Initiativ vum OAI huet d'Zil, eng konstruktiv Diskussiounskultur ze fërderen hei am Land an och mat der Groussregioun an doriwwer eraus.
Dir kënnt de Film vun der Remise du Prix an der Table Ronde op oai.lu kucken.
Vum Pierre HURT, Direkter vum Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils (OAI)