De Robert Weber, fréieren LCGB-Nationalpresident a fréieren Deputéierten, beschäftegt sech mat dem "Sozialen Dialog“. An dësen zwee Wieder leien Ignoranz, Arroganz, Wëssen an Opsin fir aner Ideen, enk beieneen.

Carte Blanche vum Robert Weber

Lëtzebuerg zeechent sech zanter Méint aus als e Land, wat vu lauter Dommheet net richteg weess, wat et soll maachen. Dat ass net eng Iwwerleeung vu mir, mee dat froe Kolleegen aus dem noen Ausland mech, wa mer eis begéinen. Esou eppes hätte si vu Lëtzebuerg an deene leschten 20 Joer nach net gesinn.

Ech konnt hinne just äntweren, dass dat eng nei Politik ass, mat neie Leit, déi alles besser wëssen. Ma déi wäerte sech nach eng bluddeg Nues huelen, war hir Replik.

Ëm wat geet et?
Natierlech ëm de sozialen Dialog bei eis am Land!

Dat ass awer keng nei Erfindung, dee gëtt et schonns zanter méi wéi 150 Joer bei eis. Déi éischt Kollektivvertragsverhandlunge goufen et Enn dem 19. Joerhonnert an den Handwierker-Zünften. Duerno koumen d’Gewerkschaften an hunn an de Betriber d’Aarbechts- an d’Lounkonditioune verhandelt. Et gouf an den 30er Joren vum leschte Joerhonnert esouguer schonns Tripartiteverhandlungen.

Dat éischt Kollektivvertragsgesetz dréit den Datum vum 12. Juni 1965. Duerno koum Tripartite Gesetz (26.Juli 1975).
Dat ganzt gouf ergänzt duerch BIT- Reegelen an EU-Verträg. D’EU schwätzt ëmmer vu representative Verhandlungspartner esou wuel op der Arbeitgeber- wéi och op der Arbeitnehmerséit.

Den EU-Vertrag vu Lissabon ass den Dezember 2009 a Kraaft getrueden an en huet zum Vertrag iwwert Aarbechtsweis vun der Europäescher Unioun gefouert (AEUV). Hei steet am Artikel 152: “Die Union anerkennt und fördert die Rolle der Sozialpartner auf der Ebene der Union unter Berücksichtigung der Unterschiedlichkeit der nationalen Systeme und fördert den sozialen Dialog und achtet dabei die Autonomie der Sozialpartner.“

Den EU-Wirtschaft- a Sozialausschoss seet: "Es ist immer ein Geben und Nehmen. Der Soziale Dialog ist die Grundlage der Europäischen Gesellschaft. Ohne ihn sind Fortschritt und Stabilität im wirtschaftlichen und sozialen Bereich nicht möglich."

Déi International Aarbechtsorganisatioun (IAO-BIT) seet: "Der soziale Dialog ist der Katalysator für eine gut funktionierende Realwirtschaft. Der echte Dialog mit anerkannten Sozialpartnern ist von grundlegender Bedeutung für die Auslotung realwirtschaftlicher Optionen in Unternehmen, die Förderung menschenwürdiger Arbeitsbedingungen und das Respektieren der Tarifautonomie."

Et gëtt bei der EU-Kommissioun e sougenannte Leitfaden zum Sozialen Dialog. Vläicht soll eng Dräierkonferenz zu Lëtzebuerg sech deen emol op d’Broscht zéien?! Et kéint natierlech och sinn, dass mer wieder spillen a provozéiere wëllen, wéi d’Kanner an der Sandkëscht?