Regulateuren a Wirtschaftspolitik

Enn lescht Joer huet déi brittesch Regierung seng Haaptregulateure per Bréif opgefuerdert, fir positiv zum Wuesstem-Agenda vun hirem Land bäizedroen. Dass déi verschidde Regulateure souguer zu engem wichtege Facteur fir wirtschaftlechen Erfolleg kënne ginn, dozou eng Carte Blanche vum René Winkin.
Dass Europa ee gréissere Problem mat Iwwerreglementéierung huet, dat misst mëttlerweil jidderee matkritt hunn. Och vill politesch Responsabel hunn dat agesinn. Déi Europäesch Kommissioun huet sech an hirem neien Aarbechtsprogramm als Zil gesat, fir relativ séier Vereinfachungen an déi Hellewull vu Reglementer ran ze bréngen. An et ass ze hoffen, datt dat hinnen dann och zerguttstert geléngt.
Mee egal wéi, et muss een dovun ausgoen, dass Europa och weiderhin een héich reguléierte Wirtschaftsraum bleiwe wäert. An deem Kontext goufen a ginn och an Zukunft nach eng ganz Partie zousätzlech Autoritéiten agesat, sougenannte Regulateuren. Sief et am Beräich vun der Energie, vum Digitalen, der Konkurrenz an nach villen anere Beräicher.
Mir mierken, dass d'Betriber, a besonnesch déi international Investisseuren oder Developpeuren, déi mer och hei op Lëtzebuerg ulackele wëllen, ëmmer méi een A drop werfen, wéi déi Reglementatioun an den eenzelen europäesche Memberstaaten ausgeluecht gëtt. A virun allem kucke se op d'Regulateuren: Wéi si se organiséiert? Sinn déi Regulateure performant? Wéi ass hir Interpretatioun vun den Texter,? Wéi accessibel si se?
Och hei zu Lëtzebuerg musse mer eis d'Fro stellen, wéi komplizéiert oder einfach mer déi Welt vu Regulatioun a Regulateure gestalte wëllen. Mir wësse lo schonn, datt aner europäesch Memberstaaten dat ganz eescht huelen. Si stellen hir Autoritéite carrement an d'Vitrinn wa si international Investisseuren uspriechen, fir se bei sech unzezéien. Sie weisen dann een Acteur, dee seng Missioun eescht hëlt, ma och Léisunge sicht an net just Problemer gesäit; een Enabler amplaz ee Verhënnerer.
Fir eis bitt sech grad d'Geleeënheet, de richtege Choix ze maachen, wann et drëms geet, deen oder déi Regulateuren am Beräich vun der kënschtlecher Intelligenz ze designéieren. Et ass ee Beräich, wou Europa héich Ambitiounen huet, trotz senge bekannten Handicaps wéi héich Energiepräisser a vill Virschrëften. Kee Cadeau deemno géintiwwer de "Big Player" wéi USA a China.
Innerhalb vun der EU wëll Lëtzebuerg sech (toute proportion gardée) als ee Champion an der KI positionéieren. Ma Fuerschungs- an Entwécklungsduerchbréch, grad wéi Produktivitéitssteigerungen an deem Beräich realiséieren, dat geléngt natierlech besser, wann de Kader stëmmt. Ons politesch Responsabel si gefuerdert, ee kritesche Bléck op d’Rei vu méigleche Regulateuren ze werfen an dann d’Fro ze beäntwerten: Wéi stellen ech mech op a wie vun hinnen eegent sech, fir no baussen ze weisen, esou dass déi national an international Acteuren eist Land als een effikassen an attraktive Standuert fir hir Projeten ugesinn?