Manner ofrappen, méi renovéieren – ee wichtege Bäitrag zum Klimaschutz

© RTL-Grafik
D’lescht Woch hu wäit iwwer 300 Leit, dorënner och eng impressionnant Zuel vun Architekt*innen, am Tramsschapp um Lampertsbierg de Lëtzebuerger Volet vun der europäescher Petitioun "HouseEurope! Renovéierungen elo!" lancéiert.
Zil ass et, bannent engem Joer eng Millioun Ënnerschrëften a ganz Europa ze sammelen, fir d’EU-Kommissioun ze verflichten, Reegelungen am Bauberäich ze treffen, fir datt manner ofgerappt, al Bausubstanz erhalen a méi renovéiert gëtt.
D’Baubranche ass nämlech weltwäit fir 40 Prozent vum järlechen CO2-Ausstouss verantwortlech an och fir 60 Prozent vum Offall. Dat virun allem, well éischter op Neibau, wéi op Renovatioun gesat gëtt.
Déi indirekt Käschte beim Ofrappen - virun allem déi sougenannten "gro" Energie - ginn nämlech net oder kaum agerechent. Mat groer Energie ass de gesamten Opwand un Energie,Transport a Material gemengt, dee fir de Bau an d'Bedreiwe beim Bau vun engem Gebai ufält. Awer eben och deen, dee bei engem eventuelle Virgänger-Gebai entstane war - well deem seng gro Energie gëtt jo sou ze soen op den Tipp gefouert an ass domadder fir ëmmer verluer.
D’Ofrappen an den Transport vum Bauschutt produzéieren och nach eng Kéier enorm vill CO2, wat zu där miserabeler Ökobilanz vum Bausecteur bäidréit. Géif dat alles ëmmer genau gekuckt ginn, da géif sech erausstellen, datt een Neibau - iwwert seng ganz Notzungszäit gekuckt - an der Reegel zu méi CO2-Ausstouss féiert wéi d'Renovatioun an eventuell Ëm- an Ausbau vun engem Gebai, wat virdrun do stoung - esouguer wann dat neit Gebai eng besser Energieklass opweist.
D'Petitioun fuerdert Moossname wéi Steierreduktioune fir Renovatioun a Recycling vu Baumaterial, besser Reegele fir d’Potenzial vu bestoende Gebaier ze evaluéieren an eng Obligatioun, déi genannte gro Energie bei all Planung mat ze consideréieren.
"HouseEurope!" schwätzt vun 80 Prozent Erhalen an 20 Prozent Neibau, déi mer an Europa sollen ustriewen. Een ambitiéist Zil, genau sou wéi dat vun enger Millioun Ënnerschrëften.
Datt esouvill Architekten an och Deeler vun der Baubranche hannert dëser Initiativ stinn, léisst allerdéngs hoffen. Petitiounen zum Denkmalschutz op nationalem Plang hate jo schonns zweemol de Wee an d’Chamber gepackt … allerdéngs mat wéineg Repercussiounen op d’Bautepolitik zu Lëtzebuerg.
Bei eis ass de Seuil un Ënnerschrëften, deen erreecht muss ginn, knapp méi niddreg wéi bei enger Chamber-Petitioun. Et bestinn also grouss Chancen, dat mir ee vun deene mindestens siwe Länner ginn, wou d’Ënnerschrëften-Zil erreecht gëtt.
Dat soll awer net verhënneren, dat d’Politik hei am Land elo schonns eng Rei Dispositiounen hëlt, fir d’Renovéiere vun Haiser manner komplizéiert a virun allem manner deier ze maachen. Well och wat d’Ofrappen amplaz Renovéieren ugeet, si mir zu Lëtzebuerg leider een traurege Champion.