Eis Gesellschaft brauch an dësen turbulenten Zäiten d'Hëllef vu Fachleit, mat richteger Ethik, an den allgemengen Interessi am Bléckfeld: also onofhängeg Journalisten, Riichter, Affekoten, Architekten, Ingenieuren,... Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils.

Nei Kommunikatiounstechnologien, bis elo als Instrumenter fir d'Emanzipatioun vun de Bierger ugesinn, ginn elo vun den neie "Maître du monde" monopoliséiert, eng technologesch Oligarchie mat politeschen, souguer despoteschen Ambitiounen.
 
Den Trugschluss, "et kann een nëmme gewannen, wann een anere verléiert", endegt ëmmer an der Diktatur. Am Recht vum Stäerkeren.

Reelle Fortschrëtt kreéiert eng Plus-value fir ons all
 
Demokratie, wéi déi kreativ Fräiheet vun de Konzepteuren, muss verdeedegt ginn.
 
Ënnert sengen ze ville retrograden a geféierlechen Akten huet den amerikanesche President Trump och just nach "traditionell a klassesch" Architektur fir ëffentlech Gebaier dekretéiert!
 
Mat dësen erschreckenden Exzesser an der Gefor vun enger Post-Wourecht Ära brauchen eis Gesellschaften an dësen turbulenten Zäiten d'Hëllef vu Fachleit, mat richteger Ethik an den allgemengen Interessi am Bléckfeld: also onofhängeg Journalisten, Riichter, Affekoten, Architekten, Ingenieuren,...

Den Architekt entwërft Gebaier no senger Visioun op d‘Erwaardunge vum Client awer och vum Benotzer, ouni den ëffentlechen Interessi, dee säi Kompass muss sinn, aus den Aen ze verléieren.
 
Dës Onofhängegkeet vum Konzepteur befreit hien net vu Kritik, a sech selwer a Fro ze stellen, am Dialog mat echter Biergerbedeelegung fir eis gemeinsam Wäerter ze stäerken.
 
Eng oppen a kritesch Debatt iwwer d‘Architektur, d‘Ingenierie an den Urbanismus ass essentiel fir d‘Planung vun neie Projete weider ze bréngen.
Eng intelligent Lecture vun engem Wierk däerf awer net bei der Aweiung ophalen. D'Bauwierker musse liewen, fir an der Dauer zu hirem richtege Wäert beurteelt ze ginn.
 
An enger Welt vun ze séierer Verännerung huet d‘Konzeptioun am Bau en enormen Impakt op de Schutz vum Planéit a seng Bevëlkerung.
Ni stoungen d'Architektur an d'Ingenierie, hir Beruffer, hir Ausbildung an esou enger direkter Bezéiung zu den zäitgenësseschen Enjeuen.
 
Dofir fuerdert d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen en neit "europäescht Bauhaus".
 
D'Architektur an d'Ingenierie vun haut muss innovativ, ökologesch, inklusiv, flexibel, digital a resilient sinn.

Dëst verlaangt eng konstant Adaptatioun, eng interdisziplinär Approche, an de Respekt virun der professioneller Onofhängegkeet vun den Architekten a Ingenieuren, hir Diversitéit, an hiren Talenter.

Carte Blanche Pierre Hurt