Wouhi steiert Europa?

© RTL Grafik
Wirtschaftlech geet et biergof an politesch steet Europa op emol zimmlech eleng do. Et gëllt sech mat den neie Realitéiten auserneen ze setzen an schnell déi richteg Weiche fir Zukunft ze stellen. Dozou eng Carte blanche vum Tom Wirion.
Säit enger Réi Jore stagnéiert onsen Wuelstand, d'Produktivitéit steet op Hallefmast an d'Innovatioun fënnt ëmmer manner hei an Europa statt. Fir dem wirtschaftlechen "Déclin" vun Europa entgéint ze wierken, wëll déi al an nei Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen elo endlech Neel mat Käpp maachen.
Enn Januar huet Si hire sougenannte Kompass fir e kompetitiivt Europa virgestallt. De Kompass baséiert ënnert anerem um Rapport vum fréieren EZB-President Mario Draghi, deen doran de wirtschaftlechen an technologesch desolaten Zoustand vun Europa beschriwwen an Recommandatioune formuléiert huet, fir d'Konkurrenz-Fäegkeet vun der europäescher Wirtschaft ze sécheren.
Dofir ass an der neier Strategie vun der EU Kommissioun dann och virgesinn d‘Innovatioun massiv ze fërderen, d'Decarbonatioun am Aklang mat der Kompetitivitéit ze pushen an déi aktuell exzessiv wirtschaftlech Ofhängegkeet a ville Beräicher ze reduzéieren. D'Kompetitivitéit soll dann och de Gradmiesser fir all Depense an all Initiativ ginn. Manner Bürokratie, manner administrativ Contrainte fir d'Betriber an de Bierger, e sougenannte Schock "de simplification administrative" ass ugekënnegt.
Bréissel wëll esou e staarkt Signal un d’Investisseuren an un d’Marchéë ginn. D'Welt waart net op Europa. Doriwwer wiere sech déi 27 EU-Memberstaaten eens. De Konsens géif also bestoen, fir déi noutwendeg Reformen unzegoen, sot d'Ursula von der Leyen.
Do däerf ee gespaant sinn. Einfach gëtt dat net. Esou ass virun allem den Finanzement vun de Moossnamen am Moment net gekläert. Dëst ass alles anescht ewéi en Detail. De Mario Draghi schätzt, datt Investissementer an Héicht vun 800 Milliarden Euro pro Joer noutwendeg wieren, fir déi europäesch Wirtschaft se relancéieren. E Seuil, deen Europa bis dato ni erreecht huet. A bei der Reduzéierung an der Vereinfachung vun Oplage fir d'Betriber, ënner anerem an der Nohaltegkeet - Stéchwuert "Reporting-Obligationen" an déi gréng Taxonomie - besteet grouss Oneenegkeet tëscht den EU-Länner.
De Kompetitivitéitskompass gëtt also eng allgemeng Richtung un. D'Fro ass elo déi, ob de Courage an de Wëlle bei der Politik, op EU an op nationalem Niveau a bei eis Bierger besteet, fir Europa als staarke wirtschaftlechen an och politeschen Acteur an enger neier, multipolarer Welt, op Aenhéicht mat den USA a China, ze positionéieren. Oder ob Europa sech fragmentéiert an tetaniséiert nokuckt wéi et an der Welt deklasséiert gëtt a säi Wuelstand weider bréckelt.
Wann de Wëllen do ass, da geet e Kompass awer net duer – dofir ass eis Welt ze komplizéiert. Mir brauchen dann e performanten Navi, deen den beschten an de séierste Wee uweist, fir, dass Europa säin Zil erreecht. Déi komplex "Gouvernance" vun der EU, mat enger Abberzuel Interaktiounen op verschiddenen Niveauen tëscht EU-Kommissioun, EU-Parlament an de Länner ass do net wierklech hëllefräich.
Bei sengem Optrëtt den 18. Februar virum EU-Parlament huet de Mario Draghi sech esou ausgedréckt : "Nous devons agir comme si nous étions un seul Etat". Si mir dozou prett?
Mä egal wéi gëllt: wien den Erfolleg wëll, dee fënnt och de Wee dohinner. Wien dëst awer net wëll, dee fënnt nëmmen Ausrieden. Deemno Affaire à suivre...