De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwert d'Ugrëffer géint de Rechtsstaat an den USA.

Zanter dem 20. Januar ass den Donald Trump President an all Dag gëtt et neie Krawall, ganz am Sënn vun der Devise "flood the zone". [1] An deem vermeintleche Chaos iwwersäit ee liicht, dass grad e geziilte Generalugrëff op den amerikanesche Rechtsstaat (rule of law), an domat op eng 240 Joer al Verfassungsuerdnung, amgaang ass. Historiker [2] a Juristen [3] beschreiwen et als en administrative Putsch vun uewen. Grondsätzlech Prinzippie vun engem modernen, demokratesche Rechtsstaat [4] sinn ënnert anerem de Virrang vun der Verfassung a vun de Gesetzer, d’Gewaltentrennung, d‘Rechtssécherheet an de Gesetzesvirbehalt a bestëmmte Beräicher, wou de Legislateur exklusiv kompetent ass. En zentraalt Element vum Trump senger Strategie si seng onzieleg iwwergrëffeg Dekreeter (executive orders), déi an der juristescher Theorie eigentlech dat schwächst vun alle rechtlechen Instrumenter sinn – si stinn theoretesch ënnert der Konstitutioun, ënnert de Gesetzer an ënnert de Reglementer.

Carte Blanche vum Marc Limpach

Wann also Ausgaben a Programmer op Gesetzer vum Kongress berouen, da kann en Dekreet vun der Exekutiv dat eigentlech net stoppen oder ofschafen. [5] Genau dat probéiert awer déi amerikanesch Exekutiv ënnert dem Trump. Vill vum Kongress instituéiert Organer oder vum Kongress decidéiert Ausgabe ginn einfach agefruer, wat géint déi gesetzlech Virgabe verstéisst. Vill Fonctionnairë kréien einfach, ouni individuelle Grond an ouni d’gesetzlech Reegelen anzehalen, arbiträr gekënnegt, dorënner och Kontrollere fir Verwaltungsagencen (inspectors general) oder federal Procureuren, déi un engem Prozess géint den Trump bedeelegt waren. Verschiddentlech sinn déi Kënnegungen "mat der Motorsee" esou grotesk, dass Beamten, déi an der nuklearer Sécherheet oder bei der Bekämpfung vun Epidemië geschafft hunn, elo erëm séier agestallt solle ginn [6]. Déi berüümt "checks and balances" vun der amerikanescher Konstitutioun funktionéieren hei net, well de Kongress zur Zäit vum MAGA-Mouvement kontrolléiert gëtt an de Supreme Court [7] eng Majoritéit vu "konservative" Riichter huet, déi riskéieren, him aus politesche Grënn awer Recht ze ginn. [8]
Dofir kann den Trump dann och esou absurd Spréch iwwert sech selwer klappen, wéi: "LONG LIVE THE KING!" [9] oder "I’m… WE are the federal law." [10] De Pluralis Majestatis ass do sécher keen Zoufall an iwwert en drëtt Mandat denkt hie jo och schonn no, obwuel d’US-Verfassung d’Mandatszuel kloer op 2 beschränkt! Wéi sot de Benjamin Franklin am September 1787 beim Verfassungskonvent, op d’Fro aus dem Public, ob d’USA eng Monarchie oder eng Republik sollt ginn: "A republic if you can keep it." [11] On verra.

[1] Trump’s ‘Flood the Zone’ Strategy Leaves Opponents Gasping in Outrage, The New York Times, 28. Januar 2025, www.nytimes.com/2025/01/28/us/politics/trump-policy-blitz.html

[2]Historikerin Annika BROCKSCHMIDT: In den USA findet ein „administrativer Staatsstreich“ statt, Deutschlandfunk 6. Februar 2025, www.deutschlandfunk.de/in-den-usa-findet-ein-administrativer-staatsstreich-statt-100.html

[3]Prof. Dr. Franz C. MAYER, LL.M.: Wie Trump Recht und Demo­k­ratie zer­stört, LTO, 25. Februar 2025,  https://www.lto.de/recht/hintergruende/h/der-amerikanische-albtraum-teil-1

[4]J. MEIERHENRICH / M. LOUGHLIN: The Cambridge Companion to the Rule of Law, Cambridge University Press 2021; E.-W. BÖCKENFÖRDE: Entstehung und Wandel des Rechtsstaatsbegriffs, an: H. EHMKE / C. SCHMID: Festschrift für Adolf Arndt, Frankfurt a.M. 1969, och an: Recht, Staat, Freiheit. Studien zur Rechtsphilosophie, Staatstheorie und Verfassungsgeschichte. Frankfurt a.M. 1991; E. SCHMIDT-ASSMANN: Der Rechtsstaat, an: Isensee/Kirchhof (Hrsg.), Handbuch des Staatsrechts, Bd. II, Heidelberg 2004, S. 541-612; M. PICHL: Law statt Order - Der Kampf um den Rechtsstaat, Frankfurt a.M. 2024.

[5] K. M. SCHEPPELE: Trumps Gegenverfassung „He who saves his Country does not violate any Law.“, Verfassungsblog 21. Februar 2025, https://verfassungsblog.de/trumps-gegenverfassung/

[6]https://www.bbc.com/news/articles/cjev24184vjo

[7]A. VOSSKUHLE: Entmachtung von Verfassungsgerichten: In schlechter Verfassung! Die ZEIT, 16. November 2023, S. 8.

[8] M. WALDMANN: The extrem legal theory Behind Trump’s First Month in Office - The unitary executive theory upends our understanding of the Constitution, www.brennancenter.org/our-work/analysis-opinion/extreme-legal-theory-behind-trumps-first-month-office. Kuck och: www.theguardian.com/us-news/2025/mar/01/trump-executive-order-dictatorship

[9] ‘Long Live the King’: Trump Likens Himself to Royalty on Truth Social, The New York Times, 19. Februar 2025, www.nytimes.com/2025/02/19/us/politics/trump-king-image.html

 

[10]https://www.theatlantic.com/politics/archive/2025/02/trump-king-maine-governor/681799/

[11]https://blogs.loc.gov/manuscripts/2022/01/a-republic-if-you-can-keep-it-elizabeth-willing-powel-benjamin-franklin-and-the-james-mchenry-journal/