An elo? Wéi geet et weider?

Haut, e puer Deeg nom 8. Mäerz, mécht d’Magali Paulus sech Gedanken iwwer d’Aktualitéit a wat mer draus léiere kënnen.
Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika, dem Zentrum fir politesch Bildung an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.
So-so-so-solidarité avec les femmes du monde entier! Women’s rights are human rights! Wiem seng Strooss? Eis Strooss! Alerta, alerta, antifascista! Siamo tutti antifascisti! Dat sinn e puer vun de Sloganen, déi e Samschdeg den 8. Mäerz duerch d’Stad geklonge sinn. Gedroe vun der Fréijoerssonn an zemools vun den inquiétanten Evolutiounen an den Nopeschlänner an op der anerer Säit vum Atlantik, waren ëm déi 5.000 Persounen op der Marche féministe. Dat huet gutt gedoen, déi gedeelte positiv Energie, zesummen an der Strooss ze sinn, an eiser Strooss. Et gëtt Hoffnung dass mer net eleng sinn, dass mer als engagéiert Mënsche kënnen eis Energie zesummebréngen an eis fir méi Gläichberechtegung, méi Solidaritéit a méi Gerechtegkeet asetzen.
Ech muss zouginn, dass ech ausser dësem Samschdeg net vill Hoffnung spieren a mech froen, wéi mer weidermaachen. Zanter Jore setzen ech mech fir méi Gerechtegkeet an; ob fir Fraen oder Minoritéiten, Klima, ënnerdréckte Vëlker an esou weider. An ëmmer kommen nei Problemer derbäi: Krich, Genozid, Rietsruck, wäermst Joer an dann nach deen, deem säin Numm ech net wëll soen. Nee, net de Voldemort, deen ass manner geféierlech. Millioune Mënsche sinn a Gefor un Hongersnout ze stierwen, zanter dass US A.I.D. hir Hëllef gestoppt huet.
Belsch, Frankräich, Holland, Italien, Däitschland, Argentinien, Rumänien, USA … esou vill Länner, wou rietsextrem Parteien ëmmer méi no un d’Muecht kommen oder esouguer Presidenten oder Premiere stellen. Mir mussen eis awer Froen iwwer d’Wieler*inne stellen: Ass de rietsextreme Vott eng Stëmm vun der ideologescher Zoustëmmung zu engem faschistesche Projet? Ass et en Anti-System-Vott vis-à-vis engem ëmmer méi illusoresche politesche Wiessel, bei deem Sozialdemokraten, Liberaler a Konservativer am grousse Ganzen déi nämmlecht Richtlinnen uwenden? Et geet net drëm, d’Wieler*innen ze beschëllegen, mee déi Parteien ze denoncéieren, déi de vernoléissegte Populatioune keng richteg Alternativ bidden. Mir musse géint déi steigend Inegalitéiten, d’Ofschwächung vun der Demokratie, d’Fake News vun de soziale Medien an d’Veraarmung kämpfen, déi den Nährbuedem vum rietsextreme Vott sinn.
Fir dësen Nährbuedem unzegoen, kann ech mer net virstellen, dass de Rearmement vun Europa eng Léisung ass. Ech hunn elo och keng Léisung an der Posch, mee wa mer eis zesummendinn an eis organiséieren, fanne mer sécher méi wéi eng….