A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun der Akut ASBL, iwwer déi gesondheetlech Risiken, déi vun enger polluéierter Ëmwelt ausginn.

Carte Blanche vum Jean Huss

Zanter iwwer 30 Joer informéiert Akut iwwer Gesondheetsrisiken, déi vun eiser polluéierter Ëmwelt ausginn, zum Beispill iwwer Chemikalien, Pestiziden, Schwéiermetaller an aner Ëmweltgëfter, déi eis vu Schwangerschaft a Kandheet u belaaschten a sech lues a lues an eise Kierperzellen an Organer kënnen uräicheren. Si féieren do zu Dysregulatiounen, Dysfunktiounen an Entzündungen an als Konsequenz zu ville bekannte Problemer a Krankheeten: Allergien, Kriibs, neurologesch oder autoimmun Krankheeten.

En anere potentiell krankmaachende Faktor, virun deem Akut an och vill onofhängeg Wëssenschaftler a Medezinner zanter laangem scho warnen, sinn awer och elektromagnéitesch Strale vum Handy, Smartphone, Tablet oder Antennen, déi massiv zougeholl hunn a leider gesondheetspolitesch och net ganz onschëlleg sinn, virun allem a Bezuch op Jugendlecher a Kanner.

Nodeems vill europäesch Länner virun 1-2 Joer ugefaangen haten, de Gebrauch vun Handy an Tablets an hire Schoule staark anzeschränken, ass dat viru kuerzem och hei bei eis geschitt. Et ass héich Zäit gin, well niewent méi pedagogesche Grënn, ginn et leider och staark nach méi gewiichteg aner Grënn, déi d’Gesondheet vu Kanner a Jugendlecher betreffen: zum Beispill Mobbing, Angschtstéierungen a psychesch Problemer, Aeproblemer, Depressiounen an esou virun.

Elo viru kuerzem huet och eng nei wëssenschaftlech Etüd vun der offizieller franséischer Agence „Santé Publique France“ op e weideren, méi dramateschen Zesummenhang higewisen, datt et nämlech a Frankräich tëschent 2000 an 2020 bei de 15-  bis 39-jähregen, also ganz Jonker, zu enger bedenklecher Zounam vun iwwer 230% vu Glioblastomen, also extrem geféierleche Gehiertumore komm wier: niewent neurotoxesche Pestizide wier do déi stonnelaang alldeeglech Expositioun zu elektromagnéiteschen Handystralen déi aliichtentst Ursaach, ofgesinn och vum Fait, datt esouguer net wéineg Handy-Marken déi offiziell vill ze héich Grenzwäerter net anhalen an esouguer iwwerschreiden.

Meng ofschléissend Fro un d'Politik an un déi international Reguléierungsbehörden: wéi steet et dann an dëser Affär mat der Duerchsetzung vum offiziell vill beschwuerene „Principe de précaution“?