Wëssenschaft ënner Drock. Wann Erfolleg méi wichteg gëtt wéi Qualitéit

© RTL
Geréit d'Wëssenschaft ënner Drock? An dëser Carte Blanche reflektéiert d'Pascale Engel – Wëssenschaftlerin an Unisprofessorin - wéi d'Juegd no revolutionären Erkenntnesser zu feelerhaften Etüde féiere kann a firwat Replikatioun an der Fuerschung sou wichteg ass.
D'Wëssenschaft soll dozou bäidroen, grouss Erausfuerderunge vun der Welt unzegoen, Wësse virunzedreiwen an d'Gesellschaft duerch Innovatioun, nei Entdeckungen an evidenz-baséiert Léisungen ze verbesseren. Mee déi aktuell Incentive-Strukturen – zum Beispill Fuerschungsgelder oder Promotiounen – kënne Wëssenschaftler dozou verleeden, op eng Manéier ze schaffen, déi d'Qualitéit vun der Fuerschung negativ beaflosst.
A villen Disciplinnen zielt virun allem d'Unzuel vu publizéierten Artikelen a renomméierte Fachzeitunge mat sougenannte “groundbreaking” Erkenntnesser. Natierlech ass et wichteg, nei Erkenntnesser ze publizéieren a revolutionär Iddie virunzedreiwen. Mee d'Wëssenschaft stécht zum Deel an enger Replikatiounskris: Etüde ginn entweeder net reproduzéiert oder Resultater weisen sech an enger zweeter Etüd net méi esou.
Ee Grond dofir ass, datt Replikatiounsetüden als net sou prestigiéis ugesi ginn a manner dacks zitéiert gi wéi d'original Etüd. Oder Resultater loosse sech net reproduzéieren, well an der ursprénglecher Etüd net propper geschafft gouf, mee just séier, séier ënnert dem Drock vun der nächster Fuerschungsevaluatioun een Artikel eragereecht gouf - och wann d'Resultater net stabil waren.
All Joer mussen Dausende vu scho publizéierte wëssenschaftlechen Artikelen zeréckgezu ginn. Et hu sech souguer sougenannte "Paper Mills" entwéckelt: Organisatiounen, déi wëssenschaftlech falsch oder schlampeg Fuerschung verkafen, fir onéierleche Wëssenschaftler ze hëllefen, hir Publikatiounszuele kënschtlech an d'Luucht ze dreiwen.
Verhalensekonomiste weise gär drop hin, datt et keng schlecht Mënsche ginn, mee schlecht Ureizer. Den enormen Drock, ëmmer méi an ëmmer méi séier Fuerschungsresultater ze liwweren, féiert dozou, dat Feeler iwwersi ginn oder wichteg, awer manner spektakulär Froen net erfuerscht ginn, well se fir een "high Impakt Journal" mat internationaler Renommée net "spannend" genuch sinn. Besonnesch kleng Länner wéi Lëtzebuerg sinn dovunner betraff: Fuerschungsaarbechten zu der Lëtzebuerger Sprooch oder zum spezielle Bildungssystem, zum Beispill, stoussen international dacks op ee manner héijen Interêt, mee si fir d'Land awer vun zentraler Wichtegkeet.
D'Problematik gouf erkannt an et gëtt dru geschafft, nei Incentive-Strukturen ze schafen, déi d'Qualitéit an de Vierdergrond stellen an net just d'Längt vun der Publikatiounslëscht oder den Impakt-Facteur vun enger Zeitung. Fir d'Vertrauen an d'Wëssenschaft ze stäerken, brauch et Zäit, fir qualitativ héichwäerteg Fuerschung. Well Etüde sollen net just "groundbreaking", mee virun allem replizéierbar sinn.