There’s no free lunch

Wann een am Moment eng kritesch Carte blanche par rapport zu der Politik vun der Regierung am soziale Beräich wëll schreiwen, komme vill Sujet’en a Fro. De Choix ass leider relativ grouss, sou de Sylvain Hoffmann, Direkter vun der Chambre des salariés.
D’Approche Business first vun der Regierung ass kloer affichéiert a si ass och kloer siichtbar, dat souwuel am soziale Beräich wéi och an der Ëmweltpolitik a virun allem och an där vum Logement.
D’Problemer solle mat Simplification administrative, Flexibiliséierung a Steiererliichterunge geléist ginn. Wouhin sou eng neoliberal Politik ka féieren, ass kloer. An den 80er Joren ass se an den USA an a Groussbritannien konsequent duerchgezu ginn. D’Rechter vun de Salariéen an de Gewerkschafte goufen ageschränkt. Wou mer haut an deene Länner gelant sinn, brauch ee mengen ech kéngem méi ze erklären.
Och den Emmanuel Macron huet gemengt hie géif besser regéieren, an notamment eng Rentereform maachen ouni e geuerdenten Sozialdialog. D’Corps intermédiaires an notamment d’Gewerkschafte goufen ignoréiert, Sozialofbau bedriwwen a Steierkaddoen un di Räich verdeelt. Och hien ass haut mat sengem Latäin, respektiv mat sengem Franséisch um Enn.
An Däitschland huet mëttlerweil souguer de Friedrich Merz agesinn, dass ee sech net ka gesond, mee éischter kaputtsparen; si hunn an Däitschland gemierkt, dass di schwäbische Hausfrau vläicht awer net souvill vun Ekonomie versteet.
Zu Lëtzebuerg ass an deene leschte Joerzéngte villes besser gelaf wéi an anere Länner, notamment duerch staark Gewerkschaften an e konstruktiven a respektvolle Sozialdialog, deen dem Land zum Wuelstand a sozialem Fridde verhollef huet.
Et ginn d’ailleurs eng Multitude vu wëssenschaftlechen Etuden, déi weisen, dass Matbestëmmung, gutt Aarbechtskonditiounen an e gläichberechtegte Sozialdialog zu méi Produktivitéit an engem bessere Wuesstem féieren.
Mee weder d’Patronat nach d’Regierung schéngen dat wierklech ze schätzen, wat si sou gäre Capital humain nennen. Dat gesäit een d‘ailleurs ganz däitlech an der Diskussioun vun den Absencen wéinst Krankheet, wou soll Juegd gemaach ginn op krank Salariéen.
Dobäi weisen d’Donnée ganz kloer, dass d’Salariéen, déi krank sinn, méi oft trotz Krankheet schaffe kommen, wéi doheem bleiwen.
Méi Flexibiliséierung vum Aarbechtsrecht, méi oft sonndes an owes a bal all Feierdag schaffen, manner héich Renten, weider Steierkaddoe fir di héich Revenue féieren hei sécher net zu enger méi sozialer a méi performanter Ekonomie.
Grad sou wéineg wéi d’Aschränke vun de Rechter vun de Gewerkschafte bei de Kollektivverträg a beim Manifestatiounsrecht, sou wéi dat am Moment geplangt ass.
De Géigendeel ass de Fall, dat hunn di lescht Joerzéngten zu Lëtzebuerg gewisen, déi vu sozialem Fridde gepräägt waren.
Mee soziale Fridde gëtt et net zum Nulltarif ! Oder fir dass och di Neoliberal et verstinn: There is no such thing as e free lunch.