Wat solle mer e Sonndeg ënnerhuelen? Looss mech dach meng Kënschtlech Intelligenz froen!

Virun nach net allze laanger Zéit, huet een duerch online Agendae gescrollt oder Pabeierbroschüre gebliedert, an da selwer säin Dag geplangt. Haut huet Kënschtlech Intelligenz op all Fro eng Äntwert. Dozou eng Carte blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.
An engem Brochdeel vun enger Sekonn gëtt ChatGPT mer e flotten Iwwerbléck, wat ech mat der Famill dëse Weekend zu Réimech ënnerhuele kann. Ech fiddere meng Kënschtlech Intelligenz mat e puer Eckdaten a scho kréien ech Proposen, wat ugebuede gëtt, mat Recommandatiounen, wéi ee Gezei ech soll virgesinn an aner nëtzlech Kommentaren.
De Sonndeg geet leider op en Enn mat intensivem Réckwéi. Séier froen ech meng KI, wat ech dogéint ënnerhuele kann. Och heifir kréien ech gutt Tuyauen a ginn duerch pertinent Froe geleet, fir sou eng präzis Äntwert wéi méiglech op méi spezielle Problem ze generéieren.
Am beschte fidderen ech meng perséinlech Kënschtlech Intelligenz mat Informatiounen zu menger Persoun a menge Virléiften, sou datt de Kontext steet an d’Resultat vu mengem Uleies entspriechend op mäi Liewensinhalt ofgestëmmt ass.
Kënschtlech Intelligenz ass aus eisem privaten a berufflechen Alldag net méi ewechzedenken, sou wéineg wéi Internet an E-Mailen. Vun 1955 un huet de John McCarthy de Begrëff Kënschtlech Intelligenz benotzt, mee schonn zanter Joerhonnerten, huet de Mënsch sech mat der Erfindung vu Maschinne beschäftegt, déi déi mënschlech Iwwerleeung imitéiere kéinten.
Am Alldag huet d’KI zanter 2010 den Duerchbroch gemaach, mam Deep learning an der Méiglechkeet, ëmmer méi grouss Quantitéite vun Donnéeë ëmmer méi séier ze traitéieren.
Déi aktuell generativ KI bedeit en nächste Quantesprong, doduerch, datt KI selwer kreativ neie Contenu erstellt. Nieft enger Verbesserung vun der Qualitéit an der Produktivitéit ginn a ville Beräicher nei Méiglechkeeten op, zum Beispill kann ech bannent e puer Minutten e Lidd komponéieren, ouni all musikalesch Virkenntnesser. Dat huet a mengen Aen e risegt Potenzial an erméiglecht eng ganz aner Kreativitéit.
D’Haapterausfuerderung bleift dobäi d’Desinformatioun an d’Zouverlässegkeet vun de Sourcen. D'KI gëtt vun eis alleguerten alimentéiert, bewosst an onbewosst. Grouss Konzerner hunn aner Méiglechkeeten d’Fluxe vun Informatiounen ze beaflosse wéi privat Leit, mee och de Contenu vun de sozialen Reseauen fléisst mat dran. Dat, wat KI eis proposéiert, muss also deemno op Validitéit gepréift ginn. Fake-Videoe vu Weltpolitiker oder Berüümtheeten hu jo scho fir Oprou gesuergt, och Iwwersetzungen an aner Sprooche sinn net ëmmer zouverlässeg.
KI wëlle mer an Zukunft net mëssen, wichteg ass et, eis mënschlech Intelligenz mat der Kënschtlecher Intelligenz zesummen anzesetzen, dobäi soll dat mënschlecht Gehier nach ëmmer d'Maschinne cadréieren a kontrolléieren.
A wat seet meng KI dozou? "Kënschtlech Intelligenz ass e staarkt Instrument fir d’Effikassitéit, d’Kreativitéit an d’Innovatioun ze verbesseren. Mee et ass primordial d'KI responsabel anzesetzen a vollem Wësse vun de potenzielle Risiken, déi se mat sech bréngt. Andeems ee KI iwwerluecht an informéiert asetzt, kann een e Notzen draus zéien an d’Erausfuerderunge geréieren."