D'Diddelenger Autobunn gëtt ausgebaut, mee net fir ALL Chauffer. De fréiere Bauteminister Robert Goebbels kritiséiert d'Decisioune vun der Transportministesch Yuriko Backes. Hei d'Carte Blanche vum LSAP-Politiker.

Carte Blanche vum Robert Goebbels

No jorelaangem Gepiddels sinn op der Diddelenger Autobunn endlech dräi Spueren op. Op ganzer 3,5 vun 12 Kilometer. Ganz fäerdeg soll d’A3 eréischt 2030 sinn.

Ech war Stroossebauminister vun 89 bis 99. Deemools sinn Zweedrëttel vun onsen 163 Kilometer Autobunn gebaut oder ewéi d’Nord- an d’Saar-Strooss vun der Chamber autoriséiert ginn. Et ass och vill an den ëffentlechen Transport investéiert ginn. Dat éischt Gesetz fir en Netz vu Vëlosweeër hat ech initiéiert. Och de Projet Tram gouf deemools studéiert.

Meng Nofollgerin am Transportministère, d’Mady Delvaux, gouf beim Tram vun der DP blockéiert. Déi haiteg Bauten- an Transportministesch Yuriko Backes ass och DP. Als Saulus wëllt si de Paulus fir gréngen Transport ginn. Si wëllt Vëlosweeër iwwer Distanzen uleeën, déi just fir Cyclo-Touristen interessant sinn. Net fir Leit, déi zwee Mol den Dag 30, 40 a méi Kilometer fir hir Schaff zeréckleeë mussen. Den Tram soll bis Esch fueren. Hätt eng nei Zuchlinn net méi Kapazitéiten? Wär den Zuch net méi schnell?

Neen. D‘Mme Backes wëllt den Auto zeréckdrängen. Dofir däerfen déi 3,5 Kilometer drëtt Spuer tëschent dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem nëmme vu Bussen a fir de „Covoiturage“ benotzt ginn. De Stau op der A3 gëtt méi schlëmm.

Firwat stellt sech d’Mme Backes net de Realitéiten?

Op dem Gaasperecher Kräiz passéieren all Dag iwwer 70.000 Autoen. Op der Areler Autobunn sinn et der 50.000. Op der Collectrice du Sud an op der Nordstrooss no u 50.000. All Dag. An der Stad gi keng 1.000 Vëlosbeweegungen den Dag gezielt.

De Vëlo an Éieren, mee den Auto ass net ewech ze denken an engem Land wou 230.000 Frontaliere schaffen. Wou déi meescht Aktiv sech deplacéiere mussen. Eisen Autopark soll bis 2030 zu 49% aus Elektroautoe bestoen. Brauchen déi keng Stroossen?

D’Ministesch soll den Dauerstau net duerch gréng Schnapsiddien nach méi grouss maachen. Ons Stroosseninfrastruktur muss méi séier ausgebaut ginn. Am Interessi vun Ökologie an Ökonomie. A vun der Liewensqualitéit vun onse Bierger.