
"Et gëtt een d'Gefill net lass, dat Regierung a besonnesch DP, d'Lëtzebuergesch verstäerkt géint Méisproochegkeet ausspillt"1. Dat konnt een an engem Leitartikel vun enger grousser Dageszeitung als Kommentar zum Dag vun der Lëtzebuerger Sprooch liesen. Dëst Argument taucht ëmmer op, esoubal et ëm d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch geet, esou wéi wann dëst op d'Käschte vun der Méisproochegkeet goe misst.
Dobäi ass d'Méisproochegkeet méi al wéi d'Lëtzebuerger Sprooch. Si ass virun allem eng Noutwendegkeet an engem Klengstaat, dee sech weder wirtschaftlech nach kulturell ofkapsele kann. An engem vun deenen alleréischten Texter, deen dës Situatioun reflektéiert, huet den Direkter vum Kolléisch 1844 geschriwwen: "Il est avantageux pour nous de pouvoir être allemands parmi les français, et de pouvoir être français parmi les allemands."
Aus dëser Iwwerzeegung ass déi zweesproocheg Primärschoul entstanen an déi kleng Kanner si verdaamt ginn, niewent hirem Lëtzebuerger Däitsch, dat se doheem geschwat hunn, an dem Houdäitschen, an deem se Liesen a Schreiwen geléiert hunn, och nach Franséisch ze léieren.
Déi Däitsch-Franséisch Zweesproochegkeet ass 1848 an ons éischt Verfassung ageschriwwe ginn. An esoulaang ons zwee grouss Nopere matenaner am Sträit louchen, ass dës Zweesproochegkeet als Garant a Symbol vun der Onofhängegkeet akzeptéiert ginn.
Mee an Tëschenzäit ass d'Lëtzebuergesch als drëtt Landessprooch dobäikomm an den internationale Statut vum Franséischen a vum Däitschen huet sech geännert, esou dat onse sproochlechen Horizont haut en europäeschen ass. An do – egal op een dat gutt oder schlecht fënnt – ass déi gemeinsam Sprooch Englesch. Den Haass op dat Franséischt, deen ee bei ville Jugendleche fënnt, erkläert sech net nëmmen aus de Methode vum Franséischunterrecht, mee och, well hirem Empfannen no d’Hierarchie vun de Sproochen, wéi d’Schoul se vermëttelt, näischt mat hirer Liewenswierklechkeet ze dinn huet.
Mir mussen dofir aus dem Carcan vun onser gewuessener Dräisproochegkeet eraus an ons Méisproochegkeet nei definéieren. Mee dëst steet net am Widdersproch mat der Opwäertung vum Lëtzebuergeschen.
1 Man wird das Gefühl nicht los, dass die Regierung, und insbesondere die DP, die Landessprache verstärkt gegen die Mehrsprachigkeit ausspielt. https://www.wort.lu/meinung/leitartikel/das-gefaehrliche-hadern-mit-luxemburgs-schoenstem-schatz/161661817.html