Radikaliséierung ass e Prozess a Prozesser kann een ënnerbriechen. Carole Reckinger, Mataarbechterin bei respect.lu

Keen erwächt moies an decidéiert, radikal ze ginn. Radikaliséierung ass e Prozess – oft onbemierkt. Et fänkt mat engem Gefill un: Frustratioun, Ausgrenzung, Ongerechtegkeet. E Gefill ze hunn, net gehéiert ze ginn, net gesinn ze ginn.
Et ka jidderengem passéieren: Dem Jonken, dee sech an Online-Fore verléiert. Der Mamm, déi op Instagram ëmmer méi déif a Verschwörungstheorië rutscht. Dem Akademiker, deen a senger Roserei iwwer d’Politik lues a lues ëmmer méi radikal Positiounen unhëlt.

Carte Blanche vum Carole Reckinger

Et gëtt kee feste Profil, keng einfach Checklëscht. Deen ee radikaliséiert sech aus Roserei, een aneren aus Angscht oder well en einfach wëll dozougehéieren. Besonnesch Jonker si vulnerabel, well se nach no enger Identitéit sichen. Wa se sech eleng fillen, keen Halt fannen, oder ëmmer nees d’Gefill hunn, net an d’Gesellschaft ze passen, bidden extremistesch Gruppen eng scheinbar einfach Léisung: Versteesdemech, einfach Erklärungen, kloer Feindbiller.

Mir gesi schonn haut, wéi polariséiert Rhetorik an de sozialen Netzwierker, an der Politik an och an de Medien ëmmer méi zouhëlt. D'Fronte verhäerte sech an ëmmer méi Mënschen hunn d’Gefill, et misst ee sech entscheeden: fir oder géint, richteg oder falsch, mir oder si.

Genee dowéinst musse mir méi fréi hikucken. Radikaliséierung fänkt laang virun der Gewalt un – an der Sprooch, am Denken, an der Manéier, wéi Mënschen d’Welt gesinn. Radikaliséierung ass e Prozess – a Prozesser kann een ënnerbriechen. Mä just, wann ee versteet, datt se iwwerall kënne geschéien.

Mir sinn awer op engem geféierleche Wee, wa mir ufänken, all Mënsch mat enger anerer Meenung direkt als Extremist ofzestempelen. Eng Demokratie brauch Meenungsvielfalt, kritescht Denken an Diskussioun. Wa keen Dialog méi méiglech ass, wa mir nëmmen nach a Kategorien "mir" géint "si" denken, da maache mir genau dat, wat Radikaliséierung fërdert: d’Welt a Schwaarz a Wäiss opdeelen.

Besser ass et, do unzesetzen, wou mir präventiv eppes verännere kënnen: Perspektivlosegkeet, Isolatioun, Verzweiwlung an domat och sozial Ongerechtegkeete bekämpfen. Besonnesch Jonke musse mir Alternative bidden. Plazen, wou se gehéiert ginn, wou se verstane ginn, wou se Froe stellen däerfen, wou se Meenungen entwéckele kënnen, ouni an extrem Ideologien ofzerutschen. Mir mussen hinne real Perspektiven bidden, se héieren an eescht huelen, well soss wiisst am Däischtere genee dat, wat mir verhënnere wëllen.