Méi privat Philanthropie am Kampf géint d'Aarmut

© RTL-Grafik
D’Opreegung iwwert d’Importtaxen, déi d’amerikanesch Administratioun der Welt opzwéngt, deet leider vergiessen, datt déi aarm Länner vun esou Moossname besonnesch staark ze leiden hunn. Derbäi kënnt dann och, datt vill westlech Länner hir direkt Hëllefen deels staark zréckschrauwen. An dëser Carte blanche gëtt gesot, wéi wichteg an erfreelech et ass, datt an deem Kontext vu privater Säit ëmmer méi gehollef gëtt. An do kënne besonnesch Famillje Fondatiounen eng ganz grouss Roll spillen.
Déi vill drastesch Moossname vun der amerikanescher Administratioun vum President Trump bannen de leschten dräi Méint hunn zu Recht vill Opreegung an Ierger an onse Länner mat sech bruecht. An deem ganzen Hin an Hier gëtt iwwersinn, datt besonnesch déi äermste Länner am schlëmmste vun deene Moossname getraff ginn.
Déi Länner hate scho virun ee puer Wochen erlieft, datt déi amerikanesch Administratioun déi Hëllefen un d’Entwécklungslänner, déi iwwer d’Agence USAID gaange sinn, wäitgoend gestrach huet. Hei handelt et sech ëm eng Zomm vu bal 40 Milliarden Euro. Och aner westlech Länner wéi England, Frankräich, d’Belsch an Holland hu matgedeelt, datt si hier finanziell Hëllef un d’Entwécklungslänner deels staark zréckschrauwe wäerten.
Duerfir treffen déi Importtaxen déi aarm Entwécklungslänner elo nach zousätzlech ganz staark. Zwar sinn déi Importtaxen an der Tëschenzäit fir dräi Méint op 10 Prozent zréckgesat sinn, mee och dat bleift ee ganz grousse Probleem fir d’Entwécklungslänner.
Déi Länner hunn och net déi Méiglechkeete wéi déi räich Länner, fir sech géint déi amerikanesch Administratioun ze wieren. Et feelt hinnen och déi wirtschaftlech Kapazitéit fir Amerika konkret Proposen ze maachen, fir deen Handelsdefizit ze reduzéieren.
Een Hoffnungsschimmer kënnt vun der privater Säit, an zwar an der Form vun der privater Philanthropie. Esou goufe weltwäit eleng fir d’Joer 2023, ronn 70 Milliarden Euro gespent an Tendenz ass staark steigend. Ee groussen Deel vun dëse Spende leeft dann iwwer Net-Regierungsorganisatiounen, déi dat Geld da weiderginn.
Gewëss Famillje ginn elo méi wäit, an deem se en eegene Famillje-Fong oder eng Famillje-Fondatioun schafen, dee si selwer geréieren a mat deem si esouwuel Risikokapital zur Verfügung stellen, wéi och eng finanziell Ënnerstëtzung kënne ginn. Dat erlaabt esou de Membere vun enger Famill, méi no un deene Probleemer ze sinn, déi se wëllen hëllefen ze besäitegen. Am Dialog mat deenen, déi gehollef kréien, kënnen se och progressiv hir Hëllef de neie Besoinen upassen.
Do hat iwwregens schonn 2008 de Lëtzebuerger Staat, zesumme mat der Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, d’Fondation de Luxembourg gegrënnt. Déi huet als Zil d’Schafung vun esou Famillje-Fondatiounen oder aner Organisatioune mat philanthropeschem Zil ze fërderen an ze begleeden. Bis haut huet d’Fondation de Luxembourg 112 esou Organisatioune gehollef schafen, déi ëmmerhin iwwer 360 Milliounen Euro zesummebruecht hunn a wou dann eng 85 Milliounen Euro an 61 verschidde Länner gefloss sinn.
Et ass ze hoffen, datt ëmmer méi Familljen an och Betriber an déi Richtung ginn an dofir suergen, datt an der Bekämpfung vun der Aarmut a besonnesch an der Entwécklungshëllef op mannst een Deel vun de staatlechen Hëllefen, déi elo ausfalen, progressiv ersat ginn.
Michel Maquil
Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse
Fräie Wirtschaftsberoder