Kanner hu gutt Iddien - firwat dierfe se net matschwätzen?

Zënter 1993 ass d’Kannerrechtskonventioun zu Lëtzebuerg a Kraaft.
D’Recht op Participatioun ass dora verankert, d.h. Kanner solle bei all Entscheedung, déi si betrëfft, matdecidéieren, mee ob déi Erwuessen dat wierklech seriö huelen ass net sou sécher, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.
D’lescht Woch war d’Chico, d’Children’s Conference zu Woltz. Eemol am Joer komme Kanner aus dem ganze Land beieneen, fir zesumme mat Erwuessenen ze diskutéieren. Dëst Joer stoung et ënnert dem Slogan “Ech hunn Iddien”. An där haten se der e Koup! Net nëmme fir sech oder hiert Duerf, mee och fir déi “perfekt Welt”, z.B. eng gesond Natur, propper Loft, datt d’Leit léif matenee sinn, eng Welt wou ee Spaass huet, ouni Knascht, ouni Plastik, manner Autoen a virun allem kee Krich an datt jidderee genuch z’iessen huet.
Net naiv. Radikal!
Lo kann ee soen, dat si fromm Wënsch, dat ass naiv, Kannerwënsch eben. A Kannerwënsch hunn an der “richteger” Welt, spréch där vun “de Groussen”, näischt ze sichen. Dat ass alles vill méi komplizéiert, sou einfach geet dat net... mee firwat am Fong? Firwat hu mer als Erwuessener dacks de Reflex ze mengen, datt mer d’Recht hätten, de Kanner hir Iddien als topeg unzegesinn oder mat engem “Schéin, mee sou geet dat net.”ofzedinn?
Vläicht läit eng Erklärung do dran, datt, wann een déi Iddie géif bis zum Schluss denken, e Koup sech misst änneren an zwar vu Grond op, fir net ze soen “radikal”. An dorop hu mer am Fong keng Loscht, well mer eis arrangéiert hunn an der Welt, wéi se “eben nu mol ass”, well mer stramm d’Äerm misste ropstrëppen, well mer warscheinlech missten op Privileegien a Confort verzichten a well mer net genee wéissten, wou mer géife landen. Dann arrangéiert et eis, datt d’Kanner - Kannerrechtskonventioun hin oder hir – am Fong net vill ze soen hunn.
Ee Walrecht vu Gebuert un
Déi franséisch Autrice Clémentine Beauvais huet en Tract geschriwwe mam Titel “Pour le droit de vote dès la naissance”. Doranner plaidéiert si – ganz seriö - fir d’Walrecht de Kanner vu Gebuert un ze ginn. Si argumentéiert esou: de sougenannte “suffrage universel” ass net “universel”. Déi gängegst Krittäre sinn - am Moment - 18 Joer hunn, am Land wunnen an, jee nodeem, eng gewëss Nationalitéit hunn. Fréier war et mol: ee Mann sinn, iwwer 21 sinn a Geld hunn. Viraussetzunge wéi ee gewëssen IQ, akademesch Studien oder en Test, ob een d’Verfassung kennt, oder ob een de Walprogramm gelies a verstanen huet, sinn net gefrot.
De Kanner hir Liewenserfarung ziele loossen
Et geet ëm de Prinzip, datt Mënschen, mat hirer Liewenserfarung e Recht drop hunn, matzedecidéieren, wien si vertrëtt. Datt een de Kanner dat Recht ofschwätzt bedeit, datt een der Meenung ass, datt hir Liewenserfarung net zielt. Dobäi sinn si all Dag vu politeschen Entscheedunge betraff. Sozialversécherungen, Logement, Ëmwelt, Schoul - alles Themen, déi de Kanner hiren Alldag bestëmmen. Dovun ofgesinn, datt hiert Liewen dacks keng Spillplaz ass, all véiert Kand ass vun Aarmut bedreet, Gewalt an der Famill ass en décke Problem.
A grad well dat sou ass, sollte mer se net nëmme bei Saache matentscheede loossen, déi Rutschbanen oder Änleches uginn. Och wann se net direkt d’Walrecht kréien, musse mer Weeër fannen, Kanner z’implizéieren, grad och bei Themen, déi ganz seriö sinn an déi eis Erwuessenen och onbequeem ginn. Hir Iddie si wäertvoll a mir géifen alleguer profitéieren.