Liest, wat Der wëllt – mee liest!

Et ass wichteg, sech fir déi Plaz ze interesséieren, wou ee lieft – och beim Liesen, fënnt d’Schrëftstellerin Elise Schmit.
Ech geroden dacks mat Leit, déi gär liesen, a Gespréicher iwwer Bicher. Meeschtens geet da rieds iwwer Bicher, déi e Präis kruten, op enger Shortlist stinn oder déi grad vill beschwat ginn. Ni, an zwar wierklech ni, kënnt dobäi d'Gespréich vum selwen op e Buch vun engem Lëtzebuerger Auteur oder enger Lëtzebuerger Autorin.
Verstitt mech net falsch, dat ass just meng Erfarung an et soll natierlech jidderee liesen, wourop e Loscht huet. Ech verstinn och, dass ee mat senge Liesgewunnechte wëll en Deel vun engem méi grousse Gespréich sinn. Dat ass normal. Grad sou normal fannen ech awer, dass ee sech fir déi Plaz interesséiert, wou ee lieft. Dass ee sech fir déi lokal Kichen interesséiert, d'Geschicht, d'Politik a fir déi Leit, déi ronderëm ee wunnen. Mee wann et evident ass, sech fir déi lokal Politik ze interesséieren, well se direkt eppes mat engem ze dinn huet, da misst et, mengen ech, grad sou evident sinn, sech fir déi lokal Literatur, de Kino asw. ze interesséieren, well och si déi Wierklechkeet reflektéieren, an där ee selwer stécht. Dat alles natierlech ënnert der Viraussetzung, dass ee Kultur net just fir en Hobby hält a fir Zäitverdreif, mee et wichteg fënnt, och op deem Niveau matzekréien, wat ronderëm ee geschitt.
Dofir soen ech elo hei um Weltdag vum Buch: Et wier immens schéin, wann dëst Iech dësen Dag géif motivéieren, e lëtzebuergescht Buch ze liesen. Kuckt zum Beispill op der Shortlist vum Prix Servais[1]. Oder liest eent vun de Bicher, déi dëst Joer nei erauskoumen. Kaaft net bei de Kapitaliste vun Amazon, och wann dat méi kamoud ass, mee an enger Librairie an ënnerstëtzt mat Ärem Kaf e Lëtzebuerger Editiounshaus. Oder, wann der net gleeft, dass zu Lëtzebuerg gutt Bicher publizéiert ginn, liest eeben eent vun engem Lëtzebuerger, deen am Ausland publizéiert. Liest eent vun engem jonke Mann oder vun enger aler Fra. Liest eent op Franséisch, Däitsch, Lëtzebuergesch, Englesch oder Portugisesch oder liest eent, an deem d'Sprooche gemëscht ginn. Liest, wat Iech gefält.
Ech soen hei näischt Originelles. Ech soen et just, well haut dee richtegen Dag dofir ass. Den Trump huet mëttlerweil net nëmmen den amerikaneschen Educatiounsministère zougemaach, mee geet elo an d'Bibliothéike raumen. En entzitt Unie Fuerschungsmëttelen a schwätzt kulturellen Institutiounen an hire Programm. Wann e Staat geziilt Anträg iwwer schwaarz Leit a Fraen aus Datebanke läscht, ass dat net nëmmen Zensur, mee och net vill anescht, wéi Bicher op e Koup ze geheien a se verbrennen.
Ok, Liese kann natierlech en Hobby sinn an Zäitverdreif. Mee sech intellektuell mat sengem Doheem ze beschäftegen, ass och e klenge Bäitrag dofir, déi Saache lieweg ze halen, ëm déi et an der Haaptsaach geet.
[1] https://fondationservais.lu/pages/accueil/actualite.php (fir d’lescht opgeruff den 18.04.2025)