Fräi Unie fir eng fräi Gesellschaft

E Witz… et sinn Idiote mat Spatzegehierer… si vermëttelen Haass an Dommheet. Dat seet den US-President Donald Trump iwwer d’Harvard University.
Dat seet den US-President Donald Trump iwwer d’Harvard University; mat 29 Nobelpräisser eng vun de renomméiertsten Héichschoule vun der Welt. Harvard huet dann och dat néidegt Selbstvertrauen an de Courage, fir sech géint den Trump a seng rezent Exigenzen ze wieren: d’Eliteuniversitéit wëll sech net virschreiwe loossen, iwwer wat a wéi si fuersche soll an op wéi eng Manéier si soll Wësse vermëttelen.
Well Harvard d‘Fuerderunge vum US-President net acceptéiert, sinn der Uni einfach esou 2,2 Milliarde Dollar staatlech Subside gestrach ginn. Dogéint geet Harvard elo geriichtlech vir. Och aner Unien a Fuerschungsinstituter kréie Geldmëttel gestrach.
De President Trump wëll elo also och déi akadeemesch Fräiheeten aschränken. Esou soll net méi iwwert de Klimawandel oder iwwer sensibel gesellschaftlech Froe gefuerscht ginn, wann d’Resultater net mat der Ideologie vum Trump iwwerenee stëmmen.
D’Wëssenschaft baséiert nun awer emol op Beweiser, Räsonementer an Erfarungen an net op Meenungen a Virurteeler. Onofhängeg Fuerschung ass de Grondstee vum Progrès.
Déi Liewensqualitéit, wéi mir se haut kennen, wier ouni de Fortschrëtt an der Medezin net denkbar. Eise fräiheetlech-progressive Gesellschaftsmodell huet der Recherche vill ze verdanken. Abee, dat ass de Modell géint deen d’Trump-Republikaner sech radikal wieren.
Déi Approche weist, wéi geféierlech den Trump ass. Et geet him drëm, d’Wëssen ze kontrolléieren, fir nees an d’Zäit vum Obskurantismus ze falen, dat heescht, fir erwisen Tatsaachen einfach net unzëerkennen. Et handelt sech dobäi ëm institutionaliséierten anti-Intellektualismus oder fräi nom Morgenstern: Et kann net sinn, wat net sinn däerf.
D’Demokratie gëtt an den USA op alle Fronten attackéiert: Dat weist sech virun allem an der Justiz, mee och an der Pressefräiheet.
Awer net nëmmen an den USA ginn d’Fräiheeten ëmmer méi ageschränkt, och an Europa, wéi een zum Beispill an Ungarn, der Slowakei oder der Tierkei gesäit.
Mir mussen ons bewosst sinn, dass rietspopulistesch Beweegunge scho méi laang probéieren, d’Demokratien auszehiewelen an domat d’Fräiheeten ëmmer méi anzeschränken an déi elementaarst Mënscherechter, genee wéi de Rechtsstaat, mat Féiss ze trëppelen. Mir wëssen jo aus der Vergaangenheet, zu wat dat ka féieren.
Dofir muss jidderee vun ons hëllefen, fir och déi fräi Recherche méi wéi jee ze verdeedegen an domadder ons fräi Gesellschaft an ons Demokratie.